“Mosella” ass e Gedicht iwwert d'Musel, geschriwwe vum réimeschen Dichter Decimius Magnus Ausonius. Deen hat sech schonn deemools am 4. Joerhonnert mat Tréier a Lëtzebuerg gutt auskannt. Den Dënschde 15. Juli kritt deen historeschen Text zu Éinen en neit Liewen an enger Liesung vum Lex Roth, mat passender Musek gespillt vum Ensemble Vocal Sainte Cécile. Dat am Kader vum Éiner Wënzerdag, en traditionelle Rendez-vous fir de kulturellen Ierf vum Duerf ze éieren.
Wéi d'Anne Berna vum Ensemble Vocal Sainte Cécile verréit, ass de Grupp grouss verankert zu Éinen. Déi musikalesch Liesung ass organiséiert vum Joseph Groben, deen eng grouss Passioun fir d'Miseler Regioun huet. Si zwee verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.