Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.6 a Ré Majeur, K284, III. Tema con variazione - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

Klassik-Album vun der Woch

Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

De neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Aendokter a Komponist

Wien online no “John D. Gottsch” sicht, entdeckt datt et ee Komponist mat deem Numm gëtt, an datt een Aendokter och esou heescht. No e bësse Recherche stellt een da fest, datt dat een an déi selwecht Persoun ass. Medizin huet de Gottsch net iergendwou studéiert, mee ënnert anerem op der John Hopkins University School of Medicine. D’Spidol zu Baltimore am US-amerikanesche Staat Maryland ass ee vun de bekanntsten an Amerika, an zemools bekannt fir seng Fuerschungen.

 

Krokodillen an d’Natur vu Florida

Den John D. Gottsch ass zu New Orleans am US-amerikanesche Staat Louisiana op d’Welt komm, a kuerz drop mat senger Famill op Florida geplënnert. Do huet hien als Kand vill Zäit dobausse verbruecht. Hie wier mat Krokodille geschwommen an hätt awer och ëmmer erof gekuckt huet, fir sécher ze goen, datt keng Klapperschlaangen ënnerwee sinn. De Gottsch war also definitiv e Kand mat vill Courage an Entdeckungsfreed. Well hien esouvill an der Natur ënnerwee war als Kand, huet hien och eng déif Léift fir d’Schéinheet vun der Natur a vum “Wildlife” vum Florida-Staat entwéckelt.

 

Cineastesch a grouss Klangwelten

Wann een seng Ae beim Nolauschteren zoumécht, mengt ee bal et wier een an engem grousse Kinossall – de Founders Trio spillt dem Gottsch seng Wierker voller Freed a Fonken. Egal wéi eng Natur de Gottsch a senger Musek widderspigelt, et klengt ëmmer alles ganz cineastesch a no grousser wäiter Natur. Et ass definitiv Musek, bei där ee bal Héngerhaut kritt – an dem Gottsch seng Musekssprooch ass och scho verglach gi mat där vun anere grousse Komponiste wéi dem John Williams an dem Erich Wolfgang Korngold – alle béid si jo weltberüümt fir hir Filmmusek. De Gottsch kritt et och fäerdeg, e Gefill vu cineastescher Musek ze ginn.