Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joseph Bologne de Saint-Georges - Concerto fir Gei a Ré Mineur, II. Adagio - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
opus

/ Musek aus der Schwäiz

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Musek aus der Schwäiz

Dem Rudolf Moser seng spéit orchestral Wierker goufe vun der Sinfonietta Riga opgeholl.

auto_stories

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Entdeckerfreed

D'Sinfonietta Riga gëtt et réischt zënter 2006. Et ass e jonke Kammerorchester, dee selwer vun sech schreift permanent 'no neien Horizonten' ze sichen. Datt sech dës Produktioun grad op ee Schwäizer Komponist fokusséiert, läit ënnert anerem dorun, datt den Dirigent Philippe Bach och aus der Schwäiz ass. Zesummen entdecken si d'Musek vum Rudolf Moser, deen haaptsächlech an der éischter Hallschent vum 20.Joerhonnert gewierkt huet. Um Programm steet orchestral Musek an e Pianosconcerto. De Solist um Piano ass den Oliver Triendl, dee mat méi wéi 150 Produktioune wéineg gespillte Repertoire fërdert. Hei huet sech also net nëmme musikalesch, mee och ideologesch déi richteg Kombinatioun un Artiste fonnt.

 

Biographie vum Komponist

De Rudolf Moser (1892-1960) ass zu Basel grouss ginn, wor um Humanistischen Gymnasium, an huet duerno ugefaangen Theologie ze studéieren. 1912 plënnert hien dann awer op Leipzig fir ënnert anerem och beim Max Reger ze studéieren an eng Musekerkarrière unzestriewen. Als bekennende Patriot a Pazifist, geet de Rudolf Moser mam Ufank vum éischte Weltkrich zréck an d'Schwäiz a studéiert zu Basel um Konservatorium weider. Do gëtt hien 1928 dann och Professer fir Kompositioun a Musekstheorie. Seng renomméierste Schüler waren de Paul Sacher an de Yehudi Menuhin. Haut ginn et ronn 100 verëffentlecht Wierker vum Rudolf Moser.

 

Kompositoresche Stil

Et ass schwéier dem Rudolf Moser seng Musek anzeuerdnen. Wat ee raushéiert, ass dem Schwäizer seng Faszinatioun fir déi al Musek. Hie benotzt vill modal Kierchentounarten a gouf vu Kritiker fir seng impeccabel 'Satztechnik' gelueft. Trotzdeem huet hie stilistesch eng eendeiteg Approche aus dem 20.Joerhonnert. Sou schaaft de Rudolf Moser e ganz eegenen Orchesterklang.