Mouvement écologique kritiséiert Vott vun 2 CSV-EU-Parlamentarierinnen
Schaarf Kritik vum Mouvement écologique um Vott vun den zwee CSV-EU-Parlamentarierinne Martine Kemp an Isabel Wiseler. Si hätte mat hirem Vott garantéiert, datt ausgerechent rietsextrem Klimaskeptiker ëm d‘Patriote fir Europa dee wichetgen Dossier vum Klimaschutzgesetz u sech gerappt hätten.
Dobäi hätten déi just een Zil: De Gesetzestext ze kippen. De facto géifen déi Lëtzebuerger CSV-EU-Deputéiert domat rietsextrem Parteien a Klimaleugner ënnerstëtzen, sou de Meco.
D‘Martine Kemp weist dann an engem Schreiwes de Reproche vum Support vun de rietse Parteie vu sech. Et géif hei ëm d‘Sécherstellung vun engem demokrateschen, transparenten a grëndleche Prozess goen, en iwwerstierztent Verfare wier hei net richteg.