Wuel keen anere Komponist aus dem 20 Joerhonnert huet déi griichesch Musekszeen esou gepräägt, wéi de Mikis Theodorakis.
Op engem 29. Juli 1925 kënnt den eis haut och nach als Komponist, Schrëftsteller a Politiker bekannte Museker op d’Welt.
Iwwer 96 Joer, an deenen de Mikis Theodorakis lieft, entstinn esou iwwer 1.000 Kompositiounen an 1964 duerch de Film Alexis Sorbas, de Museksgenre Sirtaki. Mat senger Kompositioun gëtt hien zu engem weltwäite Phänomen.
De Mikis Theodorakis engagéiert sech net just an der Musek, mee och fir d’Fräiheete vun all eenzelnem. Hie setzt sech géint Drogen, d’Nationalsozialisten an den Terrorismus an a kämpft fir d’Gerechtegkeet op Landesniveau, wéi och fir d’Kulturzeen.
De Mikis Theodorakis pfleegt och eng besonnesch Relatioun zu Lëtzebuerg. Eng laangjäreg Frëndschaft mam Guy Wagner, Prof, Schrëftsteller a fréieren Direkter vum Escher Theater huet déi zwee bis zum Doud verbonnen, wéi de Guy Wagner eis 2003 am 100,7 Interview verzielt.
Besonnesch um Häerz, louch dem gudde Kolleeg Guy Wagner, deen de Mikis Theodorakis iwweregens “echter Bruder” genannt huet, dem Theodorakis seng Perséinlechkeet. Wéi de Guy Wagner am Interview zoustëmmt: Eng rau Schuel mat Wäermt bannendran.
“Ech hunn ëmmer mat zwee Kläng gelieft – engem politeschen an engem musikaleschen”
“Dat eenzegt Mëttel, wouduerch de Mënsch Mënsch gëtt, ass d’Konscht. Si ass d’Harmonie selwer.” - Mikis Theodorakis