Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Franz Schubert / Franz Liszt - "Du bist die Ruh" S. 558 - Sofja Gülbadamova (Piano)

play_arrow Live
search

/ Méi wéi just Suen

Klassik Aktuell

Méi wéi just Suen

D’Halleffinall vum zweete Prix Anne & Françoise Groben steet virun der Dier. D’Zil vum Concours ass et e Sprangbriet fir e jonkt Talent ze sinn.

auto_stories

1 min

Den 29. an den 30. Abrëll stinn am Stater Conservatoire d’Halleffinalle vum Prix Anne & Françoise Groben op der Affiche. Dëse Concours vum Orchestre de Chambre du Luxembourg soll e Sprangbriet sinn, fir e jonkt Talent aus Lëtzebuerg. Deementspriechend ass d’Dotatioun vun 10.000 € just een Aspekt vum Gewënn. Gläichzäiteg zeechent sech de Concours duerch eng grouss Partikularitéit aus: En ass op fir sämtlech Instrumenter an och fir d’Stëmm. 

Mä wéi bewäert een déi eenzel Optrëtter, wann d’Kategorie net festgeluecht ass? Eng Fro, déi de Luc Boentges der Sylvie Charmoy, der Directrice vum OCL, gestallt huet.

 

Lauschterenplay_arrow