Mëllechbaueren

Martine Hansen wëll den EKABE-Baueren hëllefen - D'Méiglechkeete sinn awer begrenzt

Et hätt ee keng Honnertdausend Méiglechkeeten, den 68 betraffene Mëllechbaueren ze hëllefen, sot d‘CSV Landwirtschaftsministerin am 100,7-Interview. Si huet widderholl: De Staat kéint keng Mëllech ofhuelen. Et kéint a wéilt deene betraffene Baueren awer hëllefen.

auto_stories

3 min

Archivfoto | © Radio 100,7
Archivfoto (Foto: Radio 100,7)

Déi "Scheedung ouni Virwarung" hätt déi b etraffe Bauere kal erwëscht, esou d'Ministesch. Dat war och ze spiere bei der Versammlung vun der Mëllechgenossenschaft Prolek, gëschter Owend zu Jonglënster.

Eenheet tëschent de Baueren

Nieft der Sich no Léisunge war ee vun den Haaptmessagë vun der Reunioun den Zesummenhalt, huet de President vun der Prolek, de Vic Wirtz betount. 

"D'Eenheet ass ganz do. An déi gëtt och zu kengem Zäitpunkt a Fro gestallt."

Déi Eenheet wier ee wichtege Punkt bei de Verhandlungen, esou d'Martine Hansen. Domat hätten d'Baueren nämlech méi Gewiicht. 

"Si hu gemeinsam Problemer. Si halen als Grupp zesummen. (...) An als Grupp probéieren se elo mol ënnerdaach ze kommen." 

D'Hëllef, déi de Staat kéint ubidden, wier Kontakter mat anere Molkereien hirzestellen, déi eventuell kéinte Mëllech ofhuelen. 54 Millioune Kilo Mëllech produzéieren déi betraffe Baueren zesummen. 

Éischt Optioune fir nei Keefer wieren der CSV-Landwirtschaftsministesch no Acteuren, déi hei um Marché sinn.

"Dat sinn natierlech déi Molkereien, déi warscheinlech fir d'éischt emol als Méiglechkeet a Betracht gezu ginn. Dat ass natierlech eis lokal Molkerei Luxlait. Dann hu mer nach aner Molkereien, déi och hei op de Marché Mëllech siche kommen. Dat ass eemol eng Dänesch u sech Arla an Hochwald. Déi kommen och Mëllech heihënner sichen."

Fuerderung vu Bauerenallienz: Elo net de Moment, esou d'Ministesch

Doriwwer misst een dann och mat de concernéierte Bauere schwätzen, esou d'Martine Hansen nach.

D‘Landwirtschaftsministesch  huet dobäi war betount, dës Acteuren, déi hei am Maart aktiv sinn, wieren all Genossenschaften, an et bräicht een Zäit, dat mat hire Memberen ze diskutéieren. Si missten dann och kucken, wou um Marché Plaz wier, d‘Mëllech vun den EKABE-Baueren ze vermaarten an ze verkafen.

Op d’Fuerderung vun der Bauerenalianz, datt et wichteg wier, datt Lëtzebuergesch Baueren net ze vill op auslännescht Konzerner ugewise sinn, sot d’Martine Hansen dës Diskussioun géifen de betraffene Baueren zu dësem Zäitpunkt net vill hëllefe. De Marché misst dat och hierginn.

E Freiden ass den nächste Landwirtschaftsdësch ugesat. Do soll och nach eng Kéier iwwer d’Thema geschwat ginn, esou d’Ministesch.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Landwirtschaftsministesch