Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Emilie Mayer - Trio Nr.3 a Mi bémol Maj. fir Piano, Gei an Cello, I. Allegro maestoso - Klaviertrio Hannover

play_arrow Live
opus

/ Mars Bleu: Preventiounscampagne géint Daarmkriibs

Santé

Mars Bleu: Preventiounscampagne géint Daarmkriibs

De Mount Mäerz steet am Zeeche vun der Preventioun vum Daarmkriibs. De Gesondheetsministère start fir de sougenannten „Mars Bleu“ eng Preventiounscampagne. Ronn 220.000 Leit ginn all Joer an Europa diagnostizéiert.

auto_stories

1 min

Eng Zuel déi weider klëmmt heescht et am Communiqué aus dem Ministère. 

Zu Lëtzebuerg ass den Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs. Ma wann e fréi entdeckt gëtt kann een en 9 op 10 Kéieren heelen. Den Depistage géif deemno eng wichteg Roll spillen. D‘Participatioun um organiséierte Screening Programm wier nach niddreg ma géif permanent an d‘Luucht goen esou de Santésministère. All zwee Joer ginn Invitatiounen u Persounen tëschent 55 a 74 Joer geschéckt.