Bei engem ganz groussen Deel vun de Produkter, déi iwwer den Hafe vu Mäertert transportéiert ginn, géif awer och de Rhäin gebraucht ginn.
Méi Schëffer fir déi nämmlecht Quantitéit
Um Rhäin waren de Weekend nei Déifstänn erreecht ginn. Fir de Giddertransport mussen dowéinst méi Schëffer fir déi selwecht Quantitéit agesat ginn. Dozou de Generaldirekter vum Grupp Luxport, de Gilles Braquet.
"Mir gesi mat den niddrege Waasserstänn, dass mer hei Schëffer nëmmen nach zu 25 bis 30 Prozent kënne mat der absolutter Ladung auslueden. Dat heescht am Normalfall huelen esou Schëffer 2.000 Tonnen. Am Moment leie mer do ëm déi 400, 500 Tonnen."
Et wier nach ze fréi, fir ofzeschätzen, wéi grouss den ekonomesche Schued fir Luxport wäert sinn, esou den Direkter.
Op der Musel wier de Waasserniveau wéinst de Schleise méi steierbar.
"Do ass de Problem net esou grouss. Mir brauchen natierlech, ech soen emol bei 90 Prozent vun eise Produkter, de Rhäin, well déi an den Norde vun Europa ginn. Déi ginn an Däitschland, déi ginn an Holland. Dat heescht ouni de Rhäin kann den Hafe Mäertert net fonctionéieren."
Verschidde Produkter musse per Schëff transportéiert ginn
An der aktueller Situatioun wier et e Virdeel fir Luxport, datt de Grupp trimodal opgestallt ass, dat heescht, datt am Hafen net nëmme Schëffer, mee och Zich a Camione kënne be- an entluede ginn.
"D'Grenze si ganz kloer bei den Dimensiounen. Dat heescht et wäerten nach weider Produkter ginn, déi mussen iwwer d'Schëff fortgoen, sief et well se do am Beräich vu 40, 50 Meter laang sinn oder och 50 Tonnen hunn. Oder dass einfach d’Destinatioun, wou se higinn, keng Méiglechkeet huet, fir eng Bunn oder e Camion ofzelueden."
Zu den ekonomesche Secteuren, déi dowéinst vum aktuellen Niddregwaasser am stäerkste betraff sinn, gehéieren no Ausso vum Gilles Braquet virun allem d'Stolindustrie. De Luxport-Direkter erwaart sech, datt et och an den nächste Wochen nach niddreg Waasserstänn um Rhäin wäerte ginn.