Ee musikalesch räicht, mee kuerzt Liewen
D’Lili Boulanger gëtt op engem 21. August 1893 zu Paräis gebuer.
Duerch hiert Ëmfeld gëtt kloer: d’Musek wäert si hiert ganzt Liewe laang beschäftegen. De Papp Ernest Boulanger ënnerriicht um Paräisser Conservatoire a schreift eege Wierker, mat deenen hien esouguer de Prix de Rome kritt- d’Mamm ass professionell Sängerin- an och déi grouss Schwëster Nadia Boulanger ass enorm musikalesch an entwéckelt sech zu enger vun den aflossräichste Musekerinnen aus dem 20. Joerhonnert.
D’Lili Boulanger huet musikalesch immens grousse Succès. Si schreift sëllege Wierker, léiert Piano, Gei, Cello, Harf, Uergel, Kontrapunkt a Kompositioun. An si gëtt déi éischt Komponistin, déi mam Prix de Rome ausgezeechent gëtt; dem renomméiertste Kompositiounspräis vun der Welt!
An trotzdeem weist d’Liewen der Musekerin och ëmmer nees déi aner Säit vun der Medaile. D’Lili Boulanger ass hiert Liewe laang gesondheetlech ugeschloe.
Hire Gesondheets verschlëmmert sech vu Joer zu Joer.
Hiert lescht Wierk, ee Requiem fir Gesang, Uergel, Harf a Sträichquartett mam Numm “Pie Jesu”, komponéiert si mat nëmme 24 Joer. Zu deem Zäitpunkt ass d’Lili Boulanger awer well esou schwaach, dass si d’Nouten hirer grousser Schwëster Nadia Boulanger virdiktéiert. An just een Dag nom Fäerdegstelle vun “Pie Jesu”, stierft d’Lili Boulanger.
Fir hir Schwëster Nadia Boulanger een haarde Schicksalsschlag, deen si hiert Liewe laang präägt. Si well zanter dem Doud vun der Lili Boulanger net méi un der Kompositioun festhalen. Si gesäit hir Schwëster bis zu hirem Doud als eng vill méi talentéiertst Komponistin. Dofir entscheet sech d’Nadia Boulanger, all hir Kraaft an den Enseignement ze ginn. Weltbekannte Museker wéi Quincy Jones, Astor Piazzolla, Leonard Bernstein oder George Gershwin léieren esou vun der Nadia Boulanger.
D'Geschwëster Boulanger
Besonnesch d'Zesummeschaffen an den Zesummenhalt tëscht de Geschwëster Nadia a Lili Boulanger stiechen aus der Familljegeschicht eraus.
An deem Kader huet d'Maria Gutierrez dës Geschwësterléift skizzéiert.