OPUS KLASSIK 2025

Lëtzebuerger Vibraphonist gewënnt!

An der Kategorie “Neue Klassik/ Neoklassik” gewënnt de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken, mat hirem éischte gemeinsamen Album “Glass Two”.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Pascal Schumacher, Danae Dörken | © Julian Mährlein play_arrow
Pascal Schumacher, Danae Dörken (Foto: Julian Mährlein)

Den “OPUS KLASSIK” ass een däitsche Musekpräis fir Perséinlechkeeten a Produktionen aus dem Beräich vun der klassescher Musek. Haut ass bekannt ginn, wien alles gewonnen huet. Mat dobäi ass och ee Lëtzebuerger Vibraphonist. An der Kategorie “Neue Klassik/ Neoklassik” gewënnt de Pascal Schumacher. zesumme mat der däitsche-griichescher Pianistin Danae Dörken, mat hirem éischte gemeinsamen Album “Glass Two”. 2012 hat de Pascal Schumacher schonn en ECHO Jazz gewonnen. Dat war de Virleefer vum OPUS KLASSIK Präis.

Den 12. Oktober wäert déi grouss Präisiwwerreechung dann zu Berlin am Konzerthaus sinn – an do moderéiert erëm, wéi d’lescht Joer och schonn, d’Désirée Nosbusch.

De Pascal Schumacher verréit am Gespréich mam Marie Schockmel, wéi d'Danae Dörken an hien reagéiert hunn op d'Nouvelle vum Präis.

An engem opus 100,7-Interview hat den Duo och iwwert hiren Album geschwat. 

Lauschterenplay_arrow