Déi nächst Editioun vum Luxembourg Song Contest ass da fir den 30. Januar nächst Joer virgesinn. Do gëtt designéiert wie Lëtzebuerg beim Eurovision soll vertrieden.
De Premier Luc Frieden hat schonn am Mee an der Chamber ugekënnegt, datt hien dem Regierungsrot géif proposéieren, d'nächst Joer och matzemaachen.
2024 war Lëtzebuerg no 30 Joer Absence eng éischte Kéier erëm beim ESC mat dobäi. Dëst Joer war déi Lëtzebuerger Kandidatin net an d’Final vum ESC komm. Déi Lëtzebuerger Delegatioun hat sech no der Eliminatioun och dofir ausgeschwat, d'nächst Joer nees deel ze huelen.