De Premierminister Luc Frieden huet op de Kaderaccord fir en Enn vum Krich tëschent den USA an dem Iran reagéiert. Et wier ëmmer gutt wa Fridde wier, esou de Premier.
Frieden: Ëmmer gutt wa Fridde wier
En dauerhafte Fridde géif de Leit an der Krichsregioun hëllefen an déi negativ Konsequenze vum Krich géifen ophalen. Ee wichtegen Deel vun engem méigleche Kaderaccord wier, datt d’Strooss vun Hormus geschwënn nees kann opgoen. Dat sot de Premierminister Luc Frieden um Bord vun enger Pressekonferenz. Hien ass net Deel vum EU-Ausseministerconseil.
Genee esou wichteg wéi eng Ouverture vum Passage vun Hormus wier och, datt garantéiert gëtt, datt den Iran keng Atomwaffe kritt, esou d’Aschätzung vum Premierminister Luc Frieden.
Well dat ass wichteg, fir datt d'Narungsmëttel-Situatioun an der Welt besser gëtt, Düngemëttel an alles dat, mee och d'Energie, déi mer vun do aus importéieren an Europa, dat heescht ganzvill Misär, dee soss an der Welt geschitt, dee ka méi kleng gemaach ginn duerchesou e Friddensaccord.
En definitive Jugement iwwert den Accord kéint een awer réischt ofginn, wann all d’Detailer bekannt sinn, esou den CSV- Premier.
"An duerfir hoffen ech, datt en an deenen nächsten Deeg wierklech ënnerschriwwe gëtt an datt mer dann och all d'Detailer kennen. Dat kënne mer nach net. An da kënne mer eréischt en definitive Jugement iwwert deenAccord ofginn."
Net déi, déi de Fanger ausstrecken
Och de Xavier Bettel wéilt deen Accord awer gesinn, ier hien an Euphorie verfält. Dat sot den Ausseminister Xavier Bettel schonn de Moie virum Ufank vun den Diskussioune vun de 27-EU Ausseministeren.
De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie huet erkläert, datt de Grand-Duché seng Verantwortung iwwerhuele géif, wann e kéint hëllefsbereet sinn, wat d’Sécherung vun der Mieresstrooss vun Hormus ugeet.
"Wa mer gefrot ginn... Mir sinn elo net déi, déi de Fanger ausstrecken, fir ze soen, hei, mir wëllen do matmaachen."
Méi prezis gouf de Xavier Bettel op deem Punkt net.
Sommet steet och am Schiet vum Krich an der Ukrain
Den EU-Ausseministerconseil um Kierchbierg steet nieft dem Kaderaccord fir e Fridden tëschent den USA an dem Iran och am Schiet vun neie russeschen Attacken op d’Ukrain.
D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas huet an deem Kontext de Moie vu Krichsverbrieche vu Russland an der Ukrain geschwat an den Deal USA-Iran begréisst. D’Haaptzil misst et elo sinn, fir d'Mieresstrooss vun Hormus nees opzekréien.
Krittäre mussen erfëllt si fir EU-Bäitrëtt
Um Kierchbierg ginn haut d’Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain a mat Moldawien offiziell un. E Bäitrëtt vun der Ukrain wier net um séiere Wee dran. Och Kiew misst Reegele respektéieren a krit keng Extrawurschte gebroden, huet den Ausseminister betount.
"Mir hunn haut Montenegro hei, mir hu Moldawien hei, mir hunn d'Ukrain hei fir Diskussiounen, mir hunn Albanien, déi am Wartesall setzen, mir hunn eng Rëtsch vu Länner, déi am Wartesall setzen, déi och interesséiert sinn, an et mussen nach ëmmer Krittären erfëllt ginn."
Europa misst fir eng EU-Erweiderung staark a fit sinn an d’Ukrain hätt nach Efforten ze maachen. Well awer dat, wat der Ukrain haut geschitt, muer engem Anere geschéie kéint, bräicht et och Ofschreckung.