Klassik Aktuell

D'Laureate vum Conservatoire an der Philharmonie an am CAPE

Ënner der Baguette vum Nuno Coelho spillen si zwee Concerten zësumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Nuno Coelho | © Foto: Andrej Grilc play_arrow
Nuno Coelho (Foto: Foto: Andrej Grilc)

D'Laureate vum nationale Concours fir den Diplôme supérieur vun de Conservatoiren aus der Stad, vun Esch-Uelzecht a vum Norden, spillen zwee Concerte mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. Haut (6.03.) am CAPE an dëse Samschdeg (9.03.) an der Philharmonie. Si stinn ënner der Baguette vum portugiseschen Dirigent Nuno Coelho, dee virun e puer Joer nach selwer bei Programmer fir jonk Talenter dobäi war. Am Gespréich mam Marie Trussart huet hien ënner anerem verroden, wat um Programm vun de Concerte steet, a wéi seng Zäit als Stipendiat vum Gustavo Dudamel seng Aarbecht mat de Jonke bis haut beaflosst huet.

Lauschterenplay_arrow