Deen Ament wéilt ee scho prett si fir een neit Agrargesetz kënnen auszeschaffen. D’Bauere wéilte Prévisibilitéit. Aus deem Grond gouf um Landwirtschaftsdësch décidéiert datt een d’Haaptelementer aus deem aktuelle Gesetz géif bäibehalen.
Déi alleréischte Prioritéit vun de Baueren ass d’Kontinuitéit. Aus deem Grond gëtt dat aktuellt Agrargesetz net op d’Kopp gehäit mee ugepasst. Esou solle jonk Bauere prioritär méi finanziell ënnerstëtzt ginn, wa se sech wëllen installéieren. Dat bei Investitiounen oder bei der Ëmverdeelung vu Bäihëllefen a Primmen.
Fënnef Joer ze kuerz fir Pläng ze maachen
Déi jonk Bauere sollen awer méi Flexibilitéit accordéiert kréie wann se sech installéiere wëllen, erkläert d’Agrarministesch Martine Hansen.
"Mir hunn och do graff festgehal, datt déi éischt Installéierungsprimm, datt dat gutt ass, datt den Top-up fir déi jonk Bauere gutt ass an extreem wichteg ass. Mir hunn awer festgehal, datt deen Zäitpunkt, vun deem ech mech elo installéieren, do huet een am Prinzip da fënnef Joer laang Zäit fir säi Plang ze maachen an da vum Top-up ze profitéieren."
Dat wier awer ze kuerz, esou d'Ministesch.
Kompromëssléisunge goufe fonnt
Weider gouf decidéiert, datt et nei Elementer a Punkto Uebst a Geméisbau am Gesetz solle ginn. Wichteg wier et, esou de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer, datt de gesamte Secteur sech eens ginn ass.
"Mee mir sinn awer ganz zefridden, datt esou fréi ugefaange ginn ass an datt mer déi Saache gekläert krut hunn, déi am Moment ze kläre sinn."
Hie wier zefridden, datt een op deene festgehalene Punkten net lauter verschidde Meenunge gehat hätt, esou de Christian Hahn.
"Dat heescht, datt mer awer iergendwou Kompromëssléisunge fonnt hunn. An dat ass immens wichteg als ee Secteur, deen awer, ech soen, esou kleng ass wéi eisen an awer fir mech ee vun de wichtegsten, wann ee souguer dee wichtegsten am Land ass."
Am Hierscht wéilt een eng weider Gespréichsronn féieren iwwert ënnert anerem d’Wuesstumsbrems fir Véihhaltungsbetriber, betount d’Martine Hansen. Do sollen an de nächste Méint Aarbechtsgruppen driwwer diskutéieren.