D’Lëtzebuerger Philharmoniker stelle sech breet op: Um Programm stinn niewent enger Uropféierung vum Komponist Detlev Glanert mam international renomméierten Cellist Johannes Moser och Variatioune vum Brahms op der Affiche, genee esou wéi eng Ouverture an eng Sinfonietta – dat alles ënner dem Motto: “L’orchestre dans tous ses états.”