82 Prozent

Kultur ass fir Majoritéit vu Lëtzebuerger wichteg

82 Prozent vun de Awunner zu Lëtzebuerg soen, datt Kultur fir si wichteg am Liewen ass. Dat weist eng Enquête déi den DP Kulturminister Eric Thill haut um Méindeg presentéiert huet. D’Ëmfro ass mat engem Enchantillon vu ronn 2.000 Leit am Alter ab 16 Joer vum ILRES gemaach ginn.

auto_stories

1 min

D’Resultater géifen och weisen, datt Leit Kultur als méi wichteg empfannen, wa se no u kulturellen Offere wéi Monumenter a Muséeë wunnen, sou den Eric Thill. Ausserdeem géife vill Leit uginn, datt déi kulturell Offer net genuch promovéiert gëtt.

Fir déi kulturell Offer zu Lëtzebuerg ze stäerke misst ee se deemno méi accessibel maachen, esou d‘Konklusioun vum Kulturminister. D’Resultater vun der Enquête sollen elo d‘Basis duerstelle fir en nationale Kultur-Accessibilitéits-Plang.

D'Constaten aus där Enquête an aus den Assisen Enn Juni zu Ettelbréck wieren d‘Basis fir den nationalen Aktiounsplang fir den Accès zur Kultur, sou den Eric Thill.

"En nationalen Aktiounsplang mat konkreten Objektiver. Engersäits konkrete Mesuren, anersäits wéi mer d’Kultur wéi mer d’Kultur ebe méi no bei d’Leit bréngen an d’Leit méi no bei d’Kultur."