KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Goebel: "der Fetisch Originalinstrument hat ausgedient"!

Well net d'Instrument mécht d'Musek, mee de Kapp, sou de Reinhard Goebel, Dirigent vun de Berliner Barocksolisten. Zësummen hunn si den Album "Cremona 2" mat modernen Instrumenter opgeholl.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Cremona: Gebuertsuert vun der moderner Gei

D'Berliner Barocksolisten bréngen well hiren zweete Cremona Album eraus, dës Kéier mat Geieconcerti vum Antonio Vivaldi, Francesco Durante, Leonardo Leo, Pietro Locatelli an Giovanni Battista Sammartini. Cremona, eng Stad an der Lombardei, ass eng vun deene wichtegste Stied fir d’Urgeschicht vum Geiebau. D’Gei wéi mer se haut kennen ass an Atelieren vu Geiebauer zu Cremona entwéckelt ginn. Am 16. Joerhonnert hu Geiebauer aus dem Stied-Dräieck Mantua-Brescia-Cremona kënschtleresch an handwierklech Standarden fir de Geiebau festgeluecht, déi bis haut gëllen. D'Familljen Amati oder och spéiderhin Guarneri del Gesú a Stradivari, kommen och aus Cremona.

Experten vun der Barocker Musek

D'Berliner Barocksolisten an hiren Dirigent Reinhard Goebel sinn eng Institutioun fir d’Interpretatioun vun der Musek aus dem 17. an 18. Jorhonnert. De Reinhard Goebel gëllt als Spezialist fir d'Musek aus deene Jorhonnerten. D'Süddeutsche Zeitung nennt hien eng "Ikon der Alten Musik" an d’New York Times eng "Erliichtung an engem Mier vu Mëttelméissegkeet". De Goebel huet de legendären Ensembel fir Al Musek “Musica Antiqua Köln” gegrënnt an och 35 Joer laang dirigéiert. D'Berliner Barocksolisten hunn ettlech Präisser an Auszeechnunge gewonnen, ënnert anerem e Grammy fir hir Aspillung vun de Bach-Kantaten, den International Classical Music Award fir dem Bach seng Geieconcerti an en Opus Klassik Award fir dem Bach seng sechs Brandenburgische Konzerte.

De Fetisch Originalinstrument opginn

De Reinhard Goebel ass doranner spezialiséiert, modernen Orchesteren déi historesch Musekspraxis bäizebréngen. Seng perséinlech Philosophie wat Instrumenter an der Aler Musek ugeet: d’Zukunft vun der Barocker Musek leit net bei den historeschen, mee wuel bei deene modernen Instrumenter. Hie behaapt de “Fetisch Originalinstrument” hätt ausgedéngt. Well net d’Instrument d’Musek mécht, mee wuel de Kapp.

Lauschterenplay_arrow