Digitaliséierung

Just 0,87 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten hunn 2025 keen Internet benotzt

Enger neier Etüd iwwert d’digital Inclusioun zu Lëtzebuerg no hu just 0,87 Prozent vun de Leit am Land zejoert keen Internet benotzt. Persounen iwwer 50 Joer gehéieren zu de Geleeënheetsnotzer vum Internet, iwwerdeems déi tëscht 30 an 49 Joer d’sougenannt Groussnotzer sinn.

auto_stories

1 min

© Bigstock / karn684
(Foto: Bigstock / karn684)

Fir d’digital Inclusioun weider z’erliichteren, sollen ënner anerem Formatiounsprogrammer ugebuede ginn, heescht et an engem Schreiwes vum Digitalisatiounsministère.