Och e leschte Pourvoi vun der Brasserie nationale a vu Munhowen gouf vun der Cour zréckgewisen: Déi zwee wollten en Urteel vun 2025 annuléiert kréien, well si net mam Fait d'Accord waren, wéini déi national Konkurrenzautoritéit iwwer déi geplangte Reprise informéiert gouf.
Dee Moment ass nämlech den Delai ugelaf, vun deem un d'Autoritéit eng Préiwung duerch d'EU-Kommissioun konnt froen.
Den Urteelssproch gouf iwwregens um Donneschdeg vum Lëtzebuerger Riichter François Biltgen virgedroen:
“La Cour, septième chambre, déclare et arrête, premièrement: Le pourvoi est rejeté, deuxièmement: Brasserie Nationale, anciennement Brasserie FunckBricher et Bofferding, et Munhowen SA sont condamnés à supporter, outre leurs propres dépends, ceux exposés par la Commission européenne, l'Autorité de concurrence du Grand-Duché de Luxembourg et Anheuser-Busch, Inbev.”
Déi national Konkurrenzautoritéit hat d’EU-Kommissioun 2024 gefrot, fir deen Zesummeschloss ze préiwen. D’EU-Kommissioun hat fonnt, datt déi Konzentratioun den Handel affektéiere kéint.
Boissons Heintz gouf an der Tëschenzäit vun der belscher Brauerei Maziers iwwerholl.