D‘Jonk Demokrate bedaueren awer, datt kee Super-Logements-Ministère geschaf gouf, fir d‘Wunnengskris effikass ze bekämpfen; datt kee Recht op Teletravail virgesinn ass; an datt d‘Legaliséierung vum Cannabis net weider geféiert gëtt.
Jugendpartei
Jonk Demokrate begréissen de Koalitiounsaccord
D‘Jonk Demokrate begréissen an enger Stellungnam den neie Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP. An Zäite vu Multi-Krisen ewéi der Wunnengs- a Klimakris géif den Accord Äntwerte liwweren, esou d‘JDL an engem Communiqué.
auto_stories
1 min