Iwwer 20 Luxusgefierer an de leschte Méint geklaut: Zwee Verdächteger festgeholl
D’Justiz deelt an engem Communiqué mat, datt e Freideg zwou Persoune festgeholl goufen, déi staark am Verdacht stinn, eppes mam Vol vu Luxusautoen hei am Land ze dinn ze hunn. An de leschte Méint wiere ronn 20 der Gefierer geklaut ginn. Dat fir e Schued vun e puer Milliounen Euro.
(Foto: picture alliance/dpa | Lars Penning)
Déi zwee Interpelléiert wieren Deel vun enger krimineller Organisatioun gewiescht, déi international aktiv ass.
An Zesummenaarbecht mat der police judiciaire vu Metz an dem Parquet vun Thionville wieren a manner wéi 24 Stonnen zwee europäesch Haftbefeeler exekutéiert ginn. An den nächste Woche géifen dës Persounen u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.