Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Johann Sebastian Bach - Suite fir Lute, BWV 996, VI. Gigue - Christoph Sietzen (Marimba)

play_arrow Live
opus

/ Israel/Gaza: D'Waffepaus gouf net verlängert, Verhandlunge lafen awer virun

Aktuelles aus dem NoenOsten

Israel/Gaza: D'Waffepaus gouf net verlängert, Verhandlunge lafen awer virun

D‘Verhandlungen iwwer eng méiglech Fortsetzung vun der Waffepaus am Gaza-Krich lafe weider, trotz den neie Kämpf. Se wieren awer duerch d‘Bombardementer an den éischte Stonnen nom Enn vun der Paus méi komplizéiert ginn. Dat huet de Katar haut matgedeelt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Den Haaptmédiateur am Konflikt huet déi international Communautéit dozou opgeruff, séier ze handelen, fir d‘Kämpf an der Gazasträif op en Enn ze bréngen. 

D'Waffepaus ass de Moien um 6 Auer ofgelaf. Kuerz virdru sot Israel, datt eng Rakéit aus der Gazasträif op israeeleschen Territoire geschoss an interceptéiert gi wier. Domat hätt d‘Hamas den Accord vun der Waffepaus gebrach, sou déi israeelesch Arméi. An der Stad Gaza huet Israel och elo nees Ziler vun der Hamas aus der Loft bombardéiert.

Wärend der Waffepaus goufe bis gëschter 110 Geisele vun der Hamas an der Gazasträif fräi gelooss. Israel huet am Géigenzuch 240 palestinensesch Prisonéier fräi gelooss. 

Antony Blinken fuerdert bessere Schutz fir Zivilisten

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet Israel mat däitleche Wieder opgefuerdert, Zivilisten an der Gazasträif besser ze schützen. Wann de Krich viru geet an Israel och am Süde vun der Gazasträif géint d‘Hamas kämpft, wier et essentiel, datt Israel dat humanitäert Vëlkerrecht an d‘Krichs-Reegele respektéiert, sou den Antony Blinken.

Hien ass nees op Visitt an Israel. Déi héich Zuel vun zivillen Doudesaffer, déi et am Norde gouf, dierft sech am Süde vun der Gazasträif net widderhuelen, sou nach den US-Ausseminister.

Humanitär Hëllef konnt profitéieren

Wärend der Waffepaus hätten an der leschte siwen Deeg och 310 Camionen humanitär Hëllef an de Norde vun der Gazasträif kënne bréngen. Dorënner Iessen, Waasser an Decken. Dat huet d‘Hëllefsorganisatioun Palestinensesch Roude Croissant op X mat gedeelt.

Wéinst de massiven israeelesche Bombardementer konnt virun der Waffepaus praktesch kéng Hëllef an de Norde vun der Gazasträif bruecht ginn.