Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Georg Philipp Telemann - Sonat fir Trio a Fa Majeur, I. Vivace - Tabea Debus (Blockflütt), Lea Rahel Bader (Viola da Gamba), Johannes Lang (Cembalo)

play_arrow Live
opus

/ Nora Back: "Rau Zäiten"

OGBL

Nora Back: "Rau Zäiten"

Dee riets-liberale Koalitiounsaccord versprécht rau Zäiten, fäert den OGBL. Seng Presidentin huet am 100,7-Interview d’Pläng fir eng Jores-Aarbechtszäit gesetzlech ze verankere schaarf kritiséiert. D’Decisioun doriwwer sollt de Sozialpartner am Kader vu Kollektivvertragsverhandlunge virbehal bleiwen.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D'Nora Back begréisst, datt d’Regierung sech an hirem Programm zum Index bekennt, versteet awer nët firwat am Saz hannendru gesot gëtt, datt wa méi wéi eng Tranche d’Joer sollt erfalen, d’Tripartite géif aberuff ginn. Fir d’OGBL-Presidentin ass dat widderspréchlech.

"Mir ginn natierlech gär an all Tripartitten, déi noutwenneg sinn. Mee mir wësse jo awer och alleguerten, datt wann ee seet, mir maachen eng Tripartite wa méi wéi eng Indextranche ass, dass dat net bedeit, mir maachen dat fir eng Virschoss-Tranche auszebezuelen."

 

Kritik un der Jores-Aarbechtszäit

D’Nora Back kritiséiert och schaarf d'Pläng, fir eng Jores-Aarbechtszäit gesetzlech ze verankeren.

"Mir gesinn awer - wann zum Beispill de Konstruktiounssecteur hëlt, dee jo elo - wéi vill Joren a Joren déi Dausende Beschäftegt sech gewiert hu géint eng Annualisation vun der Aarbechtszäit, déi dogéint op d’Strooss gaange sinn, déi sech wierklech opposéiert hunn, fir déi wär dat natierlech eng Katastroph wann een dat elo einfach iwwer d’Gesetz géif verankeren."

Den OGBL fënnt, datt dat, wéi et och elo scho méiglech ass, iwwer Kollektivverträg tëschent Gewerkschaft a Patronat muss verhandelt ginn.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview