Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Fagott, Sträicher a Continuo a Mi bémol Majeur, RV 483, III. Alleg - Freiburger Barockorchester, Gottfried von der Goltz (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ DP: “Et däerf een net hannert dem Koalitiounspartner verschwannen”

Schwaarz-Blo Regierung

DP: “Et däerf een net hannert dem Koalitiounspartner verschwannen”

Trotz dem Premier senge rezenten Aussoen zur Atomenergie seet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, datt d'Zesummenaarbecht tëschent Schwaarz a Blo gutt funktionéiere géing. D'Positioun zur Atomenergie vun der Regierung hätt deemno och net geännert.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Gilles Baum | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Gilles Baum ass Fraktiounschef vun der DP. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den DP-Fraktiounschef betount, d’Zesummenaarbecht mat der CSV géif gutt funktionéieren. Datt de Premier Luc Frieden d’lescht Woch eng Ausso iwwer d’Atomenergie gemaach hat, déi esou net am Koalitiounsaccord steet, géif näischt dorun änneren.

DP: Et muss sech un de Koalitiounsaccord gehale ginn

De Premier sot, datt dës Regierung eng méi “technologieoppen” Approche hätt, wann et ëm d’Atomenergie geet. De Gilles Baum weist drop hinn, datt de Premier d'Ausso, déi hien zu Bréissel gemaach hat, relativéiert hätt. Den DP-Politiker seet och, datt aus dem Koalitiounsaccord kloer géing ervirgoen, datt Lëtzebuerg sech vun der Atomenergie wéilt distanzéieren, an dat géif och weiderhi gëllen.

Et ass eng Ausso, déi effektiv net am Koalitiounsaccord steet, a mir halen eis un dat, wat am Koalitiounsaccord steet. Wann do aner Aussoe vun engem Regierungsmember kommen, da froe mir no. Da wéisste mir dat gär. An den Här Frieden ass jo och an d’Chamber komm fir sech ze explizéieren.”

De Profil vun der Partei schäerfen

Zwou DP-Deputéiert haten de Premier no senger ëmstriddener Ausso gefrot fir méi Erklärungen dozou ze ginn, wéi d’Regierung zur Atomenergie steet. Domat wiere si total an hirer Roll, seet de Gilles Baum. Esou Froe géifen dozou bäidroen, de Profil vun der Partei ze schäerfen.

Et däerf een net hannert engem Koalitiounspartner verschwannen. Dat war an der leschter Koalitioun och ni de Fall. Ech hu fonnt, datt déi gréng, d’Sozialisten an d’DP do ëmmer hir eege Profiller an Iddien haten. An dat soll a wäert an dëser Koalitioun och esou bleiwen.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik