Die musikalische Hintertreppe

Indianer an Indianisten

Jonk amerikanesch Komponisten aus dem 19. Joerhonnert si faszinéiert vun der Musek vun de Native Americans, ënnert hinnen den Edward McDowell

auto_stories

1 min

D’Kultur an d’Musek vun de Native Americans, den "Indianer", hunn d’Amerikaner fir laang Zäit nëmmen aus Bicher an Abenteuergeschichten kannt. Esou wéi se och an der “Wild-West-Romantik” vum Hollywood-Kino laang duergestallt waren. Eréischt géint 1900 ginn Ethnologen dëser uraler Kultur op d’Spuer, a no a no faszinéiert des Kultur och jonk amerikanesch Komponiste. Pionéier vun dësen "American Indianists" war den international bekannte Museker Edward MacDowell. Un deen erënnert haut de Joachim Fontaine.