Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Carl Philipp Emanuel Bach - Concerto a La Majeur Wq. 8, I. Allegro - Michael Rische (Piano), Berliner Barock Solisten

play_arrow Live
opus

/ Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wieder ginn

Klassik Album vun der Woch

Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wieder ginn

Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

"In Memoriam II - The Scordatura Album" ass dem Cellist Pieter Wispelwey säi ganz perséinleche Wee, den Doud vu sengem Jong ze veraarbechten. Hie verstëmmt absichtlech säi Cello an dréckt domadder Saachen aus, woufir et keng Wierder ginn.

Den Cello gëtt passend zu senge Gefiller gestëmmt

De Wispelwey spillt mat vill Energie an Emotioun. Hien otemt mat sengem Cello mat, et héiert een hien am Hannergrond grommelen. De ganzen Album dréit eng déif, perséinlech Symbolik am Choix vun de gespillte Wierker. Domat dréckt de Wispelwey seng Trauer a Roserei, mee awer och seng Léift a seng Hoffnung aus. An der Sonat fir Cello, Op. 8 vum Zoltán Kodály ginn dofir déi zwou ënnescht Säite vum Cello em en hallwen Toun erofgestëmmt. Domat dréckt hie säi Gefill aus, selwer "verstëmmt" ze sinn. A gläichzäiteg muss d'Liewe weidergoen.

En Undenken u säi verstuerwene Jong

2022 verléiert de Pieter Wispelwey säi Bouf an engem Verkéiersaccident. Dem Johann Sebastian Bach seng 5. Suite fir Cello spillt hien um Begriefnis, deemools hätt hien d'Gefill gehat, hie misst genau dat Stéck spille fir senger Trauer Raum ze ginn. Hie stëmmt dëst Kéier déi iewescht Säit vu sengem Cello em e ganzen Toun erof. Dat hëlt den Héichten hie Brillanz ewech an d'Stéck erkléngt doduerch ëmsou méi däischter. Ausserdeem besteet d'Stéck aus ville verminderte Quarten, dat géing de Verloscht vu senger Famill symboliséieren. Doduerch datt de 16 järegen Dorian si verlooss huet, sinn si net méi zu véier, d'Famill ass gefillt diminuéiert ginn.

E Ventil fir seng Trauer

Mat sengen zwee Memorial Albume wëll de Pieter Wispelwey senger Trauer e Ventil ginn. Hie seet selwer, den eenzege Moyen fir weiderhin no fir ze kucken, wier gewiescht der Musek ze erlaben seng opbauend, heelend Wierkung. There is a glimpse of hope in the fact that meaningful things can be said on a wrongly tuned cello. Mee op kee Fall ass et en Album, dee vun der Trauregkeet definéiert gëtt. Hei ginn déi verschidde Facette vun der Trauer exploréiert. Dozou gehéiert och Léift, Hoffnung a Freed dozou.

Lauschterenplay_arrow