Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Georg Pisendel - Sonat fir Gei a Continuo a Sol Majeur, II. Allegro mà non troppo - Inès Salinas (Cello), Javier Lupiànez (Gei/Dir.), Scaramuccia

play_arrow Live
opus

/ ILNAS: "Extrem erschreckt" iwwert d'"Affär Goodyear"

Accidenter wéinst Pneue vu Colmer-Bierg

ILNAS: "Extrem erschreckt" iwwert d'"Affär Goodyear"

Problemer bei Zéngdausende Goodyear-Camionspneue vu Colmer-Bierg sollen d’Ursaach fir vill Accidenter an Europa solle sinn. "Le Monde" betitelt dëst als d'"Affär Goodyear". Erféiert vun dëser Nouvelle war ee beim ILNAS, deem Institut, dat all Produiten iwwerwaacht, iert se op de Marché kommen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Goodyear | © Jo Diseviscourt play_arrow

Iwwer eng “Affär Goodyear” huet déi franséisch Zeitung “Le Monde” an enger Artikelserie tëschent Enn Mäerz an dem leschte Freideg informéiert. Et geet dorëm, datt Problemer bei Zéngdausende Camionspneuen d’Ursaach fir vill Accidenter an Europa solle sinn. 

Bis 2017 hätten et eleng a Spuenien, Frankräich an Holland bal 250 Accidenter ginn. Eng Rei dovu mat Doudesaffer. Den Haaptvirworf ass deen, datt Goodyear zu Colmer-Bierg déi betraffe Pneuen net all zeréckgeruff huet, mee zënter 2013 op ee fräiwëllegen Ëmtausch-Programm fir d’Clientë gesat huet. Dat, fir ee Skandal mat Imageschued ze vermeiden, wéi “Le Monde” schreift. 

Pneuen, déi "immens vill Leed" an d'Welt bruecht hunn

Wéi een déi véier Artikelen a “Le Monde” gelies huet, wier een “extrem erschreckt” gewiescht, seet Jean-Marie Reiff, deen zënter 2008 Direkter vun der ILNAS ass. Dës Verwaltung ënnersteet dem Wirtschaftsministère a si ass fir d’Iwwerwaachung vu Produkter zoustänneg, éier se op de Maart kommen.

"D’Platze vun de Pneuen huet immens vill Leed an d’Welt bruecht a warscheinlech weess nach keen esou richteg, wéi vill nach vläicht zousätzlecht Leed war."

D’Verwaltung ILNAS wier am Hierscht 2013 vu Goodyear informéiert ginn, iwwert d’Austauschaktioun vun de betraffene Camionspneuen.

"D’Informatiounen, déi mir haten, déi waren esou drëpserchersweis kann ee bal soen: 'Jo, do waren dräi Accidenter, mir wëssen awer net ob Goodyearspneuen involvéiert waren oder net.'"

Den Direkter Jean-Marie Reiff bleift dobäi, datt een als ILNAS näischt an der Hand gehat hätt, fir aktiv ze ginn. Dat, well ee keen Test vun engem akkreditéiere Laboratoire virleie gehat hätt, dee gesot hätt datt d'Pneue geféierlech wieren.

ILNAS: Et geet och ëm "d’Interesse vum Land" 

Den Adjoint à la Direction beim Institut ILNAS, de Claude Liesch, schwätzt bei der “Affär Goodyear”, wéi “Le Monde” se nennt, vun engem “sensibelen Dossier”, bei deem et och ëm “d’Interesse vum Land” géif goen. Zum Verhale vu Goodyear seet hien, datt ee keen Usazpunkt gehat hätt, datt do iergendeppes hätt solle vertuscht ginn, ganz am Contraire souguer.

"Wann een Hiersteller selwer higeet an all d’Autoritéiten an Europa informéiert, a selwer d’Clienten uschreift a selwer och d’Flottemanager uschreift, ech mengen, da kann ee scho bal net méi vu Vertusche schwätzen."

Zënter Ufank 2017 hätt ee keng nei Elementer vu Goodyear méi kritt, esou d’Vertrieder vun der ILNAS. Elo wier et un de Geriichter fir ze tranchéieren. D’Geriichter an deene Länner, an deenen d’Accidenter geschitt sinn, fir genau ze sinn, esou de Jean-Marie Reiff. Wat steet senger Aschätzung no an dëser “Affär” fir de Pneueproduzent Goodyear um Spill?

"Et ass natierlech ee Verloscht vu Renommée, schonn ier d’Geriichtsurteeler kommen. An da kucke mer herno mol ob se fräigesprach ginn, oder fir schëlleg erkläert ginn. Jiddefalls de Schued, deen ass sécherlech elo schonn do."

Keng Stellungnam vu Colmer-Bierg

An de Pneueproduzent Goodyear vu Colmer-Bierg wëllt keng Froen zur Enquête vu “Le Monde” beäntwerten, huet d’Kommunikatiounsmanagerin dem radio 100,7 matgedeelt.

Op eis Nofro am Wirtschaftsministère huet et geheescht: “De Minister Lex Delles kann näischt dozou soen." De Ministère huet un déi “kompetent Autoritéit” ILNAS - Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accrédidation, de la sécurté des produits et services verwisen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Mobilitéit
Wirtschaft