Radioen

On air

De barocke Moien  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo, aus der Oper "I quatro rusteghi" - Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Homogen oder dach léiwer individuell?

Markus Brönniman am Interview

Homogen oder dach léiwer individuell?

Rieds ass vum Klang vum Bléiserquintett, enger Formatioun bei där d'Kontraster tëschent den eenzelnen Instrumenter méi grouss bal net kéinte sinn.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

Markus Brönniman play_arrow
Markus Brönniman

An engem Bléiserquintett spillen, ass keng einfach Aufgab. D'Instrumenter vu Klarinett bis Cor hunn alleguerte ganz ënnerschiddlech Klangfaarwen an et stellt sech d'Fro, ob en homogene Klang iwwerhaapt d'Zil vun esou enger Besetzung ka sinn. D'Musek kann trotzdeem begeeschteren, virun allem, wann ee se mat Frënn mécht. De 17. November trieden Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker zesummen am Kammermusekssall op a proposéiere Wierker vun Zemlinksy, Brahms an Haas. 

Am Interview mam Luc Boentges gëtt de Flüttist Markus Brönniman Abléck an de Programm an an d'Erausfuerderunge vun dëser Besetzung.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

  • Pavel Haas (1899-1944) : Bläserquintett (1929)

  • Alexander Zemlinsky (1871-1942) : Humoreske für Bläserquintett (1939)

  • Johannes Brahms (1833-1897) : Zweite Serenade A-dur (Arr. vum Frank Morelli fir Bléiserquintett, Braatsch, Cello a Kontrabass)

Interpreten:

  • Markus Brönniman, Flütt
  • Philippe Gonzalez, Hautbois
  • Arthur Stockel, Klarinett
  • David Sattler, Fagott
  • Leo Halsdorf, Cor
  • Ryou Banno, Braatsch
  • Katrin Reutlinger, Cello
  • Benoît Legot, Kontrabass

Weider Informatiounen fannt Dir hei.