Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Ludwig Bach - Concerto a Ré Majeur, I. Allegro - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Handelssträit tëschent China an den USA: Vertrieder schwätze vu positive Gespréicher

Entrevue an der Schwäiz

Handelssträit tëschent China an den USA: Vertrieder schwätze vu positive Gespréicher

D‘USA a China soen, et wiere Fortschrëtter bei den Handelsgespréicher tëschent béide Länner gemaach ginn. Den US-Handelsminister Scott Bessent huet d‘Gespréicher produktiv a konstruktiv genannt. Änlech huet sech och de chineesesche Vize-Premier He Lifeng ausgedréckt. Detailer iwwer d‘Verhandlungen hu si awer net verroden.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Fernando Gutierrez-Juarez
(Foto: picture alliance/dpa | Fernando Gutierrez-Juarez)

Et waren déi éischt Gespréicher op héijem Niveau tëschent béide Länner zënter datt den Donald Trump Douanes-Taxe vun 145 Prozent op chineesesch Importer ageféiert huet. Als Äntwert hat China Taxe vun 125 Prozent op verschidden US-Importer decidéiert.