Den Trump huet d‘Liberatioun vun der leschter US-amerikanescher Geisel an der Gazasträif eng "monumental Nouvelle" genannt. Et wier hoffentlech e Schrëtt, fir de Krich op een Enn ze bréngen, esou den Donald Trump op senger Online Plattform Truth Social.
Den US-President wäert vu muer bis en Donneschdeg am Noen Oste sinn. Fir d‘éischt a Saudi-Arabien, an duerno Katar an d‘Vereenegt Arabesch Emirater. Hie reest awer net an Israel.