Groussen Orchesterklang
D’NDR Radiophilharmonie ass en Orchester mat grousser klanglecher Straalkraaft. Virun allem ass de Klang immens lieweg. Beim Lauschtere vergësst een, datt een net op engem Live-Concert ass.
Den Orchester bitt en eenheetleche Klang an den deck besate Passagen, mee bréngt et awer fäerdeg fir an entscheedende Momenter all Sektioun mat senger Klangfaarf erauskommen ze loossen. Dat ass virun allem an den Holzbléiser festzestellen, déi mat preziser Artikulatioun an de ganz séier getakte Staccato-Passagen erausstiechen.
D'Konzept vum Album ass duerchduecht
D’Konzept vun dëser Produktioun beweist, datt en duerchduechte Programm op allen Niveauen zu positive Resultater ka féieren. De Repertoire mat Tschaikowsky, Rimski-Korsakow an Tcherepnin weist dem Nolauschterer eng
Entwécklung. Et kann een iwwert d’Ouer mat kréien, wéi sech déi russesch Sinfonik vun der Romantik bis an déi spéitromantesch Zäit eran intensivéiert. Dobäi sinn déi manner gespillte Wierker mat typesch russesche Kläng ausgestatt. Domat ass dësen Disk eng Erweiderung vum Repertoire a vum Horizont fir all interesséierten Nolauschterer. Zousätzlech zu dëse positiven Eegenschaften passt dem Orchester säi Klang ideal zu der russescher Sinfonik.
Eng Opnam mat Intensitéit
Virun allem d’Verständnes fir d’Dramatik stécht eraus. Grad bei sou intensive Partiture mat deck besatem Orchester muss een den Opbau vu Phraséierunge gutt plangen. Dat ass dem Stanislav Kochanovsky op dëser Produktioun wonnerbar gelongen. Déi richteg Sektiounen am Orchester bauen d'Intensitéit am passende Moment op. Och d’Museker vum Orchester schénge genau ze wësse wéini wéi eng Stëmm gefuerdert ass. Och déi gréisstendeels immens virtuos Solopassagen, virun allem am Capriccio Espagnol, si mat vill Eeschthaftegkeet an awer dänzerescher Fräiheet interpretéiert. Et ass generell eng Performance, bei där den Dirigent Stanislav Kochanovsky sech op den Asaz vun all Museker ka verloossen. Ofschléissend kann ee soen, datt et e gelongenen Debut-Album ass fir déi nach frësch Zesummenaarbecht tëschent dem Dirigent an dem Orchester.
