Wéinst der héijer Brandgefor wier d'Stauséikommissioun d'Urgence zesummekomm an hätt dëse Verbuet, deen deemno fir d'Gemengen Esch-Sauer, Bauschelt, Stauséigemeng a Rammerich gëllt, decidéiert.
Schonn e klenge Fonke kéint duergoen, fir e Bësch- oder Vegetatiounsbrand auszeléisen, heescht et, an domat Leit, d'Ëmwelt an d'Drénkwaasserversuergung a Gefor ze bréngen. Dobäi kéim, datt verschidde Site rondrëm de Séi fir d'Pompjeeë schwéier accessibel wieren.
Fir dass d‘Leit sech un de Verbuet hale géif verstäerkt kontrolléiert ginn, ënnert anerem vun der Police, esou d‘Stauséikommissioun an hirem Schreiwes.