Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Vincenzo Bellini - Ah! bello a me ritorna, aus 'Norma' (Oper) - Elena Mosuc (Sopr.), Symphony Orchestra of Croatian Radio-Television, Ivo Pipanovic (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Gréisste Luxusbrëlle-Produzent féiert Véier-Deeg-Woch an

Aarbechtszäitverkierzung

Gréisste Luxusbrëlle-Produzent féiert Véier-Deeg-Woch an

De weltwäit gréisste Produzent vu Luxusbrëller féiert eng Véier-Deeg-Woch an. An den italieenesche Wierker vum franséisch-italieenesche Konzern EssiLux sollen d‘Mataarbechter an enger Testphas wärend 20 Wochen am Joer op fräiwëlleger Basis kënne vu Méindes bis Donneschdes schaffen.

auto_stories

1 min

© Chong Fa / Bigstock
Foto: Chong Fa / Bigstock

All Dag e wéineg méi laang wéi üblech, dofir hunn si da vu Freidegs bis Sonndegs fräi, an dat bei gläichem Salaire. De Rescht vum Joer gëllt weider déi normal Schaffwoch vu fënnef Deeg. En deementspriechenden Accord huet de Betrib mat de Gewerkschaften ënnerschriwwen. Erwaart gëtt sech, datt 20.000 Salariéeë bei der Testphas, déi op dräi Joer ugesat gouf, wäerte matmaachen.