An der Etüd gëtt festgestallt, datt de Präis vum Pëtrol brut an d‘Präisser op den Tankstelle wäit ausernee leien. D‘Präishaussen op den Tankstelle wiere vill méi grouss wéi d‘Hausse vum Brut, esou Greenpeace. Sou datt d‘Pëtrolsgesellschaften, zënter dem Krich am Noen, Osten, sech enorm Margë geschaf hätten.
D‘Länner, wou d‘Margen am meeschten eropgaange sinn, sinn Däitschland, Holland, Schweden, Dänemark an Éisträich.
An Däitschland trëtt an der Mëttesstonn haut um Mëttwoch iwwerdeens eng nei Reegel fir d‘Bensinn- an Dieselpräisser a Kraaft. Deemno dierfen d‘Tankstellen d‘Präisser nëmmen nach eemol am Dag, um 12 Auer mëttes, erhéijen.