Wirtschaft a Gesondheet

Gilles Roth kritesch géintiwwer neier EU-Tubaks-Direktive

D'EU-Kommissioun huet proposéiert, datt d'Tubakssteier un d'Kafkraaft vun de jeeweilege Memberlänner soll ugepasst ginn an d'Memberlänner sollen deementspriechend en Deel u Bréissel oftrieden. Zu Lëtzebuerg ginn d'Meenungen dozou auserneen, mee den CSV-Finanzminister ass skeptesch.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Zigaretten Tubak | © picture alliance play_arrow
Zigaretten Tubak (Foto: picture alliance)

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth ass skeptesch, besonnesch well de Faktor Kafkraaft vun de jeeweilege Memberlänner soll mat eraspillen, argumentéiert hien. Des Weidere misst een och déi aktuell national Recetten duerch den Tubak am A behalen.

"Ech soen awer als Finanzminister 1,3 Milliarden Euro u Recetten un Zigaretten an un Tubak, déi kann ech net vun haut op muer ersetzen. Wann een aneren do Iddien dozou huet, da si se wëllkomm."

D'Joëlle Welfring vun deene Gréngen hätt Iddien, wéi een déi Recetten zum Deel ersetze kéint.

"(…) eng Räichesteier, eng Millionärssteier an esou weider esou virun, dat sinn definitiv Pisten, wou sollte méi exploréiert ginn a fir eng Tubakssteier, fir sech dorop ze verloossen, fir d'Zukunft, fannen ech wierklech net verlässlech."

D'Recetten, déi een duerch den Tubak géif anhuelen, wieren net nohalteg a géifen de Staat un anere Plazen, notamment am Santésberäich, nees Sue kaschten, esou nach déi gréng Deputéiert. Dofir géif een d'Initiativ vun der EU och begréissen.

Räichesteier amplaz Tubakssteier

De Franz Fayot vun der LSAP ass gedeelter Meenung. Fir hien ass et net de richtege Wee, fir Steieren eleng um Akommes ze berechne besonnesch bei Zigaretten. 

"Do gëtt et mengen ech aner Aart a Weise fir eegen Akommes ze generéieren, och bei enger Europäescher Unioun, wéi beispillsweis eng Ultraräiche Steier."

De Fraktiounspresident vun der ADR Fred Keup ass kloer géint eng europäesch Tubakssteier a generell och géint all nei Steier, déi vun der EU decidéiert géif ginn.

Ob d'Lëtzebuerg bereet wier e Veeto géint eng nei europäesch Tubakssteier anzeleeën, wollt de Finanzminister Gilles Roth nach net soen.

Lauschterenplay_arrow