An den 150 Euro pro Mount vum Leasing social sinn d’Assurancen a verschidde Maintenance-Aarbechte schonn dran. De Kilometrage pro Joer, deen ee mam Leasing-Auto fueren dierf, wier awer net fixéiert, erkläert de Louis Bleser aus dem Ëmweltministère. Dat, well d’Besoine vun de Notzer:inne ganz ënnerschiddlech wieren.
Garantien nach net kloer genuch
D’Joelle Welfing vun déi gréng begréisst de Leasing-Social. Déi fréier Ëmweltministesch fäert awer, datt duerno zousätzlech Käschten op de Beneficiaire zoukommen.
"Hei gëtt am Prinzip op Hoffnung gebaut, datt et herno 150 Euro de Mount wäert belafen. Mee d'Garantien dofir si mer net ganz kloer an ech denken, datt dat eppes ass, wou wéi eng Kéier muss nach méi genau eng Kéier dru geschafft ginn, fir dat doten nozebesseren."
D’Joelle Welfring bedauert weider, datt och Hybrid-Autoe weider staatlech finanzéiert ginn.
Prefinanzement fir E-Autoen, awer nëmmen neier
De Franz Fayot vun der LSAP huet d’Fro opgeworf wat no der Leasing-Periode vu 36 Méint mat dësen E- Autoe geschitt.
"Well et ass gewosst, datt do kënnen Abuse geschéien, och bei deene Leasingentreprisen, déi do natierlech hei eng zentral Roll spillen. Well wann een en ëffentleche Subsid kritt, muss een och seng Marge bénéficiaire mat dran erarechnen."
Nei vum 1. Januar 2027 un ass och, datt ee fir Elektro-Autoen e Prefinanzement kann ufroen. Dës gëllt awer just wann een en neien E-Autoe keeft. Den DP-Politiker Luc Emering huet d’Fro opgeworf, firwat de Prefinanzement net fir Occasiounsween gëllt.
Installatioun vu Bornen a Méifamilljenhaiser subsidéiert
Dat géif virop dru leien, datt fir de Kaf vun Autoe vu Privatpersounen aner Reegele gëlle wéi fir Entreprisen, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Wann Dir en Occasiounsauto kaaft vun enger Privatpersoun, dann ass dat méi schwéier, fir datt mir dat kéinte prefinanzéieren, well d'Prefinanzement fonctionéiert u sech exklusiv iwwer Entreprisen."
Mam Zil fir d’Elektromobilitéit hei am Land ze fërderen, gëllt vum 1. Januar un och eng nei Reegelung bei der Installatioun vu Bornen a Méifamilljenhaiser.
Co-Proprietéite vun zwee Menagen oder méi kënnen ee Subside vu bis zu 40.000 ufroen, fir d’Installatioun vun enger Lued-Statioun am Gebai. D’Primme fir elektresch Lued-Borne ginn allgemeng verlängert ginn, grad wéi déi staatlech Ënnerstëtzung fir Elektro-Autoen. Dat fir déi näischt véier Joer. Dat heescht, de Finanzement geet iwwer déi aktuell schwaarz-blo Legislaturperiode eraus.
An der Chamberkommissioun goung et awer och ëm d'Verlängerung vu verschidde Subsiden a Punkto Elektromobilitéit. Dobäi huet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fonnt, datt de Vëlolocatiounssystem Vel'OH, deen haut an der Stad Lëtzebuerg ze fannen ass, och op aner grouss Stied misst erweidert ginn.
LSAP: Land mat kuerze Weeër bréicht méi gedeelte Vëloen
Heefeg wiere keng Vëloe méi disponibel, respektiv se wiere futti, esou de Franz Fayot. Bei der aktueller Offer gesäit hien nach Loft no uewen.
"An engem klenge Land, wou d'Weeër kuerz sinn, wou een ni wäit ze fueren huet, ass dat e ganz attraktive Service, deen och an engem Esprit vu Partage ass."
Domat misst nämlech net jidderee säin eegene Vëlo hunn. Dofir misst déi Offer nach ausgebaut ginn, fënnt de Franz Fayot.
"Ech mengen och, datt de Staat, wann ee wëllt d'Elektromobilitéit, déi douce Mobilitéit, favoriséieren, datt een do muss mat de Gemenge méi staark zesummeschaffen, datt déi Offer nach vill méi breet gëtt."
Den Ëmwelt-Minister Serge Wilmes vun der CSV huet op d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes verwisen. Den Ausbau vum Vel’OH-System géif an hire Kompetenzberäich falen.