150. Doudesdag

Georges Bizet (1838-1875)

"Et kann ee kee Genie sinn, ouni heiansdo mëssverstanen ze ginn." Dat ass nëmmen ee vum Georges Bizet senge bekannte Sätz, déi hien zu Liefzäite vertrueden huet. Mir blécken zeréck op dat kuerzt Liewe vum franséischen "Romantiker".

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Georges Bizet | © Gallica / BnF play_arrow
Georges Bizet (Foto: Gallica / BnF)

Een Theaterstéck wat wéineg Succès hat, ma duerch dem Georges Bizet (1838-1875) seng Musek immens gutt beim Publik ukënnt: dat ass déi kuerz Zesummefaassung vun der bekannter Orchestersuite Arlésienne.

Am Géigesaz huet d'Kompositioun an d'Oper Carmen bei hirer Uropféierung esou guer net iwwerzeege kënnen. An ass dach haut eng vun de meeschtgespillten Operen iwwerhaapt.

"Ech hunn eng Oper geschriwwen, déi kee verstoe wäert. Mee enges Daags wäert een se opféieren... an da wäert ee mech verstoen."

Georges Bizet iwwer "Carmen", sënngeméiss iwwersat

Jo, de Georges Bizet huet ee ganz interessanten CV virzeweisen. Ee Grond fir am Kader vu sengem 150. Doudesdag, dëst besonnescht Liewe Revue passéieren ze loossen. Am Gespréich, de Jean Thill a Lex Kauffmann vum opus 100,7.

Eng Recherche vum Jean Thill.

Lauschterenplay_arrow