Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Déifferdenger Awunner solle Primme kréie fir de Schued wéinst Héichwaasser

Eestëmmeg ugeholl

Déifferdenger Awunner solle Primme kréie fir de Schued wéinst Héichwaasser

De Gemengerot vun Déifferdeng huet Primme fir déi Betraffe vun Iwwerschwemmunge wéinst den Onwieder virun 10 Deeg. Do waren zu Déifferdeng bannent net mol enger Stonn ronn 50 Liter Reen op de Meterkarree gefall. Trotz de Prognose vu Meteolux war virun allem de Quartier Fuussbann iwwerschwemmt ginn.

auto_stories

2 min

An der Diskussioun huet d’Laura Pregno betount, dass et gutt wär, fir ënner anerem eng weider Subventioun am Kader vun de sougenannten Diffprimen ze schafen.

"E Mechanismus, wou d’Gemeng ëmmer erëm wielt, dass mer eis do un de Stat drunhänken, well de Stat jo u sech dann, soen ech elo mol, de Kontroller ass, ob déi Saache gutt gemaach ginn, an d’Gemeng ka sech do einfach Krittären upassen.”

Berodung fir d'Bierger:innen

Fir d’Vertriederin vun déi gréng wier et awer fir d’Bierger:inne schwiereg, fir eens ze gi mat deene ganze Primmen. Si missten dobäi ënnerstëtzt ginn. Wouropshin den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gemengt huet, et wier richteg, datt et Berodung misst ginn; d’Gemeng géif déi awer iwwer hir Techniker:innen ubidden.

Och de Gary Diderich huet deen neie Mesurëpak, zu deem net nëmmen d’Primen zielen, begréisst. Déi Primme kéinten zwar net ëmmer verhënneren, datt guer kee Schued entsteet. Se kéinten awer hëllefen, de Schued ze reduzéieren.

Et misst ee wëssen, datt dat ëmmer méi dacks kéint geschéien, an et misst ee sech un d’Wiederextremer upassen, sou de Conseiller vun déi Lénk. Als Gemeng misst een iwwerdeems dofir suergen, datt sou eppes de Leit an Zukunft erspuert bleift.

Joerhonnertreen elo all 2-3 Joer

Den CSV-Schäffen Tom Ulveling huet drop verwisen, datt soss emol vu Joerhonnertree geschwat gouf. Elo kéim dat all 2-3 Joer vir. D'Leit géifen elo de Klimawandel vill méi ze spiere kréien a gesinn datt en net just "soss anzwousch ass"".

Et géif d’Iwwerleeung ginn, fir mat Hëllef vun Dronen d’Kanalisatioun ze kontrolléieren. Dono misst een da kucken, ob en neie Kanal sollt geluecht ginn, woubäi de Käschtepunkt dofir op iwwer 100 Milliounen Euro geschat gëtt. Och misst ee wëssen, dass bei sou Reemasse kee Kanalsystem d’Strooss hale géif an null Schued warscheinlech ni ze erreeche wier.

D'Nofollgerin vum kierzlech verstuerwenen LSAP-Schäffe Fred Bertinelli gëtt iwwerdeems d’Zenia Charlé: Déi jonk Fra gouf am net-ëffentlechen Deel vun der Gemengerotssëtzung dozou bestëmmt.

 

Aktualitéit