Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski (arr. Michail Pletnev) - Nussknacker Suite, Op. 71a, IV. Intermezzo - Giuseppe Albanese

play_arrow Live
search

/ Friddensvisiounen

FIR NOZELAUSCHTEREN

Friddensvisiounen

Déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie gouf live um radio 100,7 an opus 100,7 iwwerdroen. Um Programm: Musek vum Benjamin Britten an Edward Elgar.

auto_stories

2 min

headphones

103 min

Michael Schønwandt  | © © Hans van der Woerd play_arrow
Michael Schønwandt (Foto: © Hans van der Woerd )

Solist beim Concert vun der Deutsche Radio Philharmonie ënner dem däneschen Dirigent Michael Schønwandt ass de schottesche Pianist Steven Osborne. Bei dësem Programm trëfft Virtuositéit op sinfonesch Gréisst: Dem Benjamin Britten säi Pianosconcerto a Re Majeur bitt Energie a Kontraster, wärenddeems dem Edward Elgar seng éischt Sinfonie mat vollem Orchesterklang begeeschtert.


Dëse Concert hu mir de 27. Abrëll um 11 Auer an Zesummenaarbecht mam SR Kultur live vu Saarbrécken aus der Congresshalle um radio an opus 100,7 iwwerdroen. De Concert kann ee bis de 4. Mee an der Mediathéik op www.opus.radio nolauschteren.

D'Marie Schockmel vum opus 100,7 an d'Gabi Szarvas vum SR Kultur moderéieren duerch de Concert.

Programm:

Benjamin Britten (1913-1976): Concerto fir Piano a Ré Majeur Op.13

Edward Elgar (1857-1934): Sinfonie Nr.1 a La bémol Majeur Op.55

Interpreten:

Steven Osborne, Piano
Deutsche Radio Philharmonie
Michael Schønwandt, Direktioun

Virum Concert huet d'Gabi Szarvas vum SR Kultur sech mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen.

Interview lauschterenplay_arrow

Lauschterenplay_arrow