Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Richard Strauss (arr. Peter von Wienhardt) - Kleines Scherzino Nr.4, Op. 3 - Arabella Steinbacher (Gei), WDR Sinfonie Orchester, Lawrence Foster (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Friddensvisiounen

Klassik Live

Friddensvisiounen

De Michael Schønwandt iwwer Fridden, perséinlech Begéinungen an e seele gespillte Repertoire. De 27.04 ass den Dirigent zesumme mat der DRP live um radio 100,7 ze héieren.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Michael Schønwandt  | © © Hans van der Woerd play_arrow
Michael Schønwandt (Foto: © Hans van der Woerd )

E Sonndeg um 11 Auer iwwerdréit den opus 100,7 déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Ënner dem Titel “Friedensvisionen” dirigéiert den dänesche Museker Michael Michael Schønwandt den Orchester mam Edward Elgar senger éischter Sinfonie an dem Benjamin Britten sengem Pianosconcerto a Ré Majeur. Solist ass de Steven Osborne.

Am Viraus vum Concert huet sech d’SR-Kultur-Museksjournalistin Gabi Szarvas mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen. De Concert gëtt live um opus 100,7 iwwerdroen an ass duerno wärend siwen Deeg an der Mediathéik disponibel.

Lauschterenplay_arrow