Klassik Album vun der Woch

Fireworks

D'Laute ass een Instrument, dat ee seelen a Concerte begéint. Vill méi seelen ass et dann awer, datt si als Solo op engem Album ze héieren ass.

auto_stories

2 min

"Fireworks" - Bernhard Hofstötter | © www.bernhardhofstotter.org
"Fireworks" - Bernhard Hofstötter (Foto: www.bernhardhofstotter.org)

D'Laute kënnt aus der Famill vun den Zupfinstrumenter. Wat fréier d'Liblingsinstrument vu Minnesänger a Barockpoete war, erënnert haut optesch staark un eng akustesch Gittar, just mat déckem Bauch an engem krommen Hals. Just mat däitlech méi Säiten an engem manner metalleschen haardem, dofir douce a samettegem Toun. 

Fir dee suergt um Album "Fireworks" den éisträichesche Museker Bernhard Hofstötter. Hien ass zu Wien opgewuess. Ier hien seng Passioun fir d'Laute fonnt huet, huet hien awer Gei studéiert. Nieft sëlleg Präisser fir seng Interpretatiounen, konnt hien dann och ee Studium a Rechtswëssenschaften ofschléissen a wärenddeems seng Passioun fir d'Barockinstrument verdéiwen.

Souwuel a senger Heemecht Wien, wéi och soss an Europa a Japan ass de Museker aktiv am Beräich vun der Lauten a Gittarmusek vum 16. bis 18. Joerhonnert doheem.

Mat "Fireworks" geet et héich eraus!

Jiddefalls kéint een dat beim Numm denken. Ma ass dat wierklech de Fall? Schonn de Cover wërft Froen op: Firwat ass dësen éischter kal an nodenklech gehalen? Ma och wann de Cover dem Numm net wierklech gerecht gëtt, léisst de Bernhard Hofstötter d'Museker fir sech schwätzen.

An d'Erklärung vum Numm "Fireworks" nennt de Museker mam zweeten Titel op der Produktioun, der Sonat Nr. 42 a La mineur vum Silvius Leopold Weiss (1687-1750).

"Wie ein Feuerwerk funkeln und blitzen auch seine virtuosen Kompositionen auf, ehe sie wieder der Stille Raum geben."

Iwwerhaapt schenkt de Bernhard Hofstötter, dem Leopold Weiss senger Musek seng ganz Opmierksamkeet mat engem kompletten Album. Engem Komponist, deen als ee vun de gréisste Lautenisten gegëllt an iwwer 600 Wierker fir dëst Instrument hannerlooss huet.

Ob bei dëser Produktioun wierklech grouss Fonken vum Museker oder dach éischter grouss Téin gespaut ginn, dat verréit de Lex am neie Klassik Album vun der Woch.