Film

Filmregisseur Wenders zitt Film zeréck wéinst Nu-Zeen vun 13 järeger Schauspillerin

Nom Sträit ëm eng Nu-Zeen huet den däitsche Regisseur Wim Wenders elo de Film „Falsche Bewegung“ aus dem Joer 1975 zeréckgezunn. Et handelt sech ëm eng Zeen an där d‘Nastassja Kinski, déi deemools 13 Joer hat, plakeg dran ze gesinn ass.

auto_stories

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

D‘Actrice hätt de Wim Wenders zënter Jore scho gebieden, déi Zeen, déi ongeféier zwou Minutten dauert, erauszeschneiden. Den 80 Joer ale Regisseur huet sech elo dofir entschëllegt. Hie géif haut agesinn, datt dat jonkt Nastassja Kinski deemools als Kand besser hätt misste geschützt ginn.

Et soll elo no enger Léisung gesicht ginn, zesumme mat der däitscher Schauspillerin, an da kéint de Film rëm fräigi ginn. Bis dohin ass en elo néirens méi ëffentlech accessibel.