Frankräich

Fall Lyhanna: Frankräich wëll ënner anerem Strofe fir Serievergewalteger verschäerfen

An der Suite vun der Affär Lyhanna wëll de franséische Premier Sébastien Lecornu d‘Strofe fir Serievergewalteger verschäerfen an Enquêten, wou Kanner viséiert sinn, solle bannent maximal 3 Méint ofgewéckelt ginn. Dat mellt säi Büro.

auto_stories

1 min

© EPA/Guillaume Horcajuelo
(Foto: EPA/Guillaume Horcajuelo)

Dat 11 Joer aalt Lyhanna war leschten Donneschdeg dout opfonnt ginn. Géint de presuméierte Mäerder waren zënter Méint Plainten agereecht gi wéinst sexuellem Mëssbrauch a Vergewaltegung – De Mann war awer ni verhéiert ginn.

Mamm vu méiglechem Affer wëll de Justizminister verkloen

Eng Mamm, déi schonn d‘lescht Joer eng Plainte géint hie wéinst Viol vun hirem 10 Joer ale Meedche gemaach hat, wëll elo och de Staat an de Justizminister Gérald Darmanin verkloen.

Dat huet si zesumme mat hirem Affekot virun der Press ugekënnegt. De Staat soll wéinst schwéierem Feeler verklot ginn. De Justizminister Gérald Darmanin wéinst mise en danger de la vie d'autrui an non-assistance à personne en danger. Si hätt alles probéiert, mee d‘Justiz hätt net op si gelauschtert a seng Aarbecht net gemaach, esou d‘Fra. 

Gérald Darmanin wëll net zerécktrieden

De Justizminister Gérald Darmanin huet gëschter Dysfonctionnementer zouginn, wëllt awer net zerécktrieden. Déi ronn 70.000 Plainten déi mat Kanner ze dinn hu solle bis de 14. Juli op de Leescht geholl ginn.