Vun der Direktesch vun der UGDA-Museksschoul Micky Thein krute mir lescht Woch schonn eng Réckmeldung. Zu hiren Aussoe fannt Dir de passenden Artikel hei.
Den opus 100,7 krut och eng Réckmeldung vum Escher Conservatoire. Méi genee vum Sous-Direkter Claude Schlim, dee fir de Moment d'Tâchë vum suspendéierten Direkter iwwerholl huet.
Zuele scho virum Gesetz geklommen
D'Statistik vun den Abandonen am Escher Conservatoire (ouni d'Kompensatioun duerch d'Remplaçantë vun de Waardelëschte mat anzerechnen) ass tëschent dem Schouljoer 2018/19 an 2024/25 vun 8,96% op 12,19% geklommen. 2020/21 war de Stand bei 10,6%. Domat huet den Trend scho virun der Aféierung vum Gesetz vum 27. Mee 2022, dat d'Gratuitéit vun de Coursen erméiglecht huet, ugefaangen.
Wann ee vun den 12,19% Abandonen déi 5,7% ofrechent, déi vun de Waardelëschten nogeréckelt sinn, da läit och den Escher Conservatoire an der Moyenne vum Rapport zur Evaluatioun vum Gesetz..
D'Gruppecoursen, wéi d'Formation Musicale (Solfège), ginn als Haaptursaach genannt fir d'Taux d'Abandonen. Mee en Abandon an engem Gruppecours verursaacht manner Onkäschten, wéi een, deen en individuelle Cours ofbrécht. De Claude Schlim erkläert, firwat dat esou ass.
"An der Formation Musicale ass et esou, datt ee Schüler véier Minutte Cours anhëlt. Dat heescht, wa mir soen, mir hunn eng Stonn Cours a mir kréien e Maximum u 15 Schüler rembourséiert fir eng Stonn Cours, da kënnt Dir Iech dat esou virstellen, datt wann da vun deene 15 Schüler ee Schüler ophält, da gëtt déi Stonn net méi ganz subventionéiert. Dat heescht, mir kréien dann nach 56 Minutten zeréckfinanzéiert. Wann awer elo ee Schüler an engem Instrumentalcours vun enger hallwer Stonn ophält, da verléiert een do natierlech dann direkt 30 Minutte Cours. Also dat wär dann den Ënnerscheed."
An der Evaluatioun vum Gesetz geet och ervir, datt gratis Coursë manner dacks ofgebrach ginn, wéi déi déi kaschten. Op den éischte Bléck schéngt dat net logesch ze sinn. Mee dofir gëtt et awer eng Erklärung, déi ënner anerem och mat der Formation Musicale kann a Verbindung bruecht ginn.
"Déi Coursen, déi haut gratis sinn, déi ënner d'Gratuitéit falen, dat sinn oft dann eeben déi Coursen, wou déi méi jonk Schülerinnen a Schüler dra sinn, wou och elo (...) an der FM1, 2, 3 dann och normalerweis net méi kënnen dann duerchfalen, déi dann och méi laang do drableiwen, bis hiren éischten Exame kënnt. An déi aner Coursen, déi dann halt net ënner d’Gratuitéit falen, (...) sinn dat oft dann déi Schüler, déi dann och vläicht méi wäit sinn, et sinn d’Adultschüler; d'Adultschüler, déi oft eng Iddi hunn, fir an der Musek unzefänken, sech awer da réischt bewosst gi, wa si bis amgaange sinn, dass et vläicht awer net dat ass, wéi si sech et virgestallt hunn. (...)
"Ech mengen, do ass eng Opklärung och gefrot vun de Schoule vis-à-vis vun den Elteren" - Claude Schlim, Sous-Direkter vum Escher Conservatoire
Net all Coursë si gratis
Dat ass villen Elteren net bewosst, bis déi éischt Rechnung kënnt. Am Prinzip ka jiddereen, dee manner wéi 18 Joer huet, gratis ufänken. Mee vun engem gewëssen Niveau un entfält d'Gratuitéit an de Cours muss bezuelt ginn, och wann een nach keng 18 Joer al ass.
Den Éischte Schäffe vun Ettelbréck Jean-Paul Schaaf huet an der Chamberkommissioun Educatioun zur Evaluatioun vum Gesetz vum 27. Mee 2022 gesot, den Ettelbrécker Conservatoire hätt duerch 5 Prozent Abandone ronn eng hallef Millioun Euro Onkäschten.
Firwat ass dat esou? Am Gespréich mam Sous-Direkter vum Escher Conservatoire hu mir eis de System erkläre gelooss, wéi de System mat de Validatioune vum Finanzement accordéiert a berechent gëtt.
Et gëtt 3 Stufen u Validatiounen, déi hei a kuerzer Form erkläert sinn:
15.September: d’Schoul gëtt hir Lëschte beim Ministère eran, mat den ugemellte Schüler:innen fir d’Schouljoer.
15.November: d’Schoul reecht eng adaptéiert Fassung an, op där d’Abandonen erausgeholl goufen an d’Remplaçantë vun de Waardelëschten nogeréckelt sinn. Op Basis vun dëser Validatioun gëtt déi staatlech Subventioun fir d’Schoul berechent. All d’Käschte vun den Abandonen, déi nom 15.November ofbriechen, mussen deementspriechend vun de Gemengen iwwerholl ginn.
01.Oktober (vum Joer duerno): d’Schoul schéckt dem Ministère hir Lëscht mat alle Schüler eran, déi d’Schouljoer bis zum Schluss fäerdeg gemaach haten.
Wéi eng Ännerunge gi gemaach? Am parlamentareschen Dossier ginn d'Ziler vun der Adaptatioun vum Gesetz vum 27. Mee 2022 kloer definéiert.
- Lockerung vun den Delaie fir Musekschoulen a Conservatoiren, fir méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun de Course vum Enseignement Musical ze garantéieren.
- Déi staatlech Ënnerstëtzung fir de Finanzement vun der Course gëtt erhéicht.
- D'Terminologie vum Gesang gëtt erweidert a spezifizéiert.
Wat bedeiten dës Ännerunge konkret?
Bei der Lockerung vun den Delaien handelt et sech eng Kéier ëm d'Date de Validatioun Nr.2 fir d'Schoulen. Mat där Validatioun deelen d'Schoulen dem Educatiounsministère mat, wéi vill Schüler definitiv an de Coursen ageschriwwe sinn, nodeems d'Abandonen duerch Remplaçantë vun de Waardelëschten ersat goufen. Op Basis vun där Validatioun gëtt dann de Subside vum Ministère berechent.
Dësen Datum gëtt an der Modifikatioun vum Gesetz vum 15. November op den 31. Dezember geréckelt. Dat bedeit, datt d'Schoule méi Zäit hunn, fir méi staatlech subventionéiert Minutte mat Remplaçant-Schüler:innen gefëllt ze kréien.
D'Gemengeréit, respektiv d'syndicats de communes sollen dem Gesetz no virum 1.September zesummekommen, fir d'Organisatioun vum Schouljoer, dat usteet, ofzeschléissen. Ännerunge konnte bis elo bis den 1.Dezember eragereecht ginn. Dësen Delai ass elo op de 15. Januar no hanne geréckelt ginn.
De System vum Finanzement
Et gëtt 3 Stufen u Validatioune, déi hei a kuerzer Form erkläert sinn:
- 15. September: d'Schoul gëtt hir Lëschte beim Ministère mat den ugemellte Schüler:innen fir d'Schouljoer eran.
- 15. November (ab 25/26 den 31. Dezember): D'Schoul reecht eng adaptéiert Lëscht eran, op där d'Abandonen erausgeholl goufen an d'Remplaçantë vun der Waardelëschten nogeréckelt sinn. Op Basis vun dëser Validatioun gëtt déi staatlech Subventioun fir d'Schoul berechent. All d'Käschte vun den Abandonen, déi nom 15.November (respektiv 31.Dezember) ofbriechen, musse vun de Gemengen iwwerholl ginn.
- 01. Oktober vum Joer duerno: d'Schoul schéckt dem Ministère d'Lëscht mat alle Schüler:innen eran, déi d'Schouljoer bis zum Schluss fäerdeg gemaach hunn.
Méi finanziell Ënnerstëtzung
Eng Fuerderung vum SYVICOL (Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises) war fir déi staatlech Subventiounen un d'Präisdeierecht (Indice pondéré du coût de vie an d'élevation des salaires) unzepassen. Deem ass de Ministère och no komm.
D'Subventioune ginn op d'enseignéiert Minutt pro Schouljoer berechent.
Den Taux klëmmt ëm 37,37% vun 30€ op 41,32€ fir d'Course vun deenen ënneschten Niveauen an d'Adultecoursen. Fir d'Divisions moyennes, spécialisées a supérieures gëtt den Taux ëm 20,6% gehuewen. Domat ginn also d'Coursë fir d'Ufänger proportionell am meeschte subventionéiert.
Ännerunge beim "Chant"
Zu gudder Lescht gëtt et dann och eng Ännerung bei de Gesangscoursen, och wann déi méi kleng ausfält.
De Begrëff "Chant" gëtt ëm zwee Fächer erweidert: Bis ewell wor de Finanzement Chant classique, chant moderne a chant jazz ausgeriicht. De chant moderne gouf duerch chant rock/pop ersat, an et koumen zwee Fächer dobäi: de chant baroque, an de chant musical.
De Projet de loi gouf deposéiert a gëtt an enger zweeter Instanz vum Staatsrot iwwerpréiwt.
Weider Artikelen a Relatioun mam Gesetz vum 27. Mee 2022
22.Juli 2025: Evaluatioun vum Gesetz an der Komissioun fir Educatioun an der Chamber mam Beispill vum Conservatoire du Nord
25.Juli 2025: Reaktioun vun der UGDA Museksschoul
30.Juli 2025: Reaktioun vum Escher Conservatoire
8.August 2025: Reaktioun vum Stater Conservatoire
Update: 1.12.2025