Europäesche Geriichtshaff

EuGh decidéiert: Lëtzebuerger Student hätt misste fir Medezinstudium zougelooss ginn

Um Europäesche Geriichtshaff gouf et de Moien eng Victoire fir e jonke Lëtzebuerger am Sträit mat der franséischsproocheger Communautéit aus der Belsch. De jonke Mann, deen zu Lëtzebuerg wunnt a säi Lycée zu Arel gemaach huet, konnt sech 2022 net fir e Medezinstudium an der Belsch aschreiwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
(Foto: Eric Ewald)

Well hien am Grand-Duché wunnt, ass hien an d’Kategorie “étudiant non-résident” gefall a konnt sech net fir dee Medezinstudium aschreiwen, deen dem Numerus clausus an domat méi strenge Krittären ënnerläit. De jonke Mann hat doropshin d’Annulatioun vun där Decisioun gefrot. 

Student hat am Abrëll scho vum Avocat général Recht kritt

An der Suite huet de belsche Conseil d’État den Europäesche Geriichtshaff saiséiert. D’Belsch wollte wëssen, ob d’EU-Recht net contraire wier zu där Kategoriséierung vum Wunnen an engem an dem An-d’Schoul-goen an engem anere Land.

Am Abrëll hat den Avocat général vum Europäesche Geriichtshaff a senge Conclusiounen dem jonke Mann Recht ginn, an d’Riichtere vun der Cour hunn déi Positioun mat hirem Urteel och vertrueden. 

Vill Schoulzäit an der Belsch verbruecht

Fir si däerf e Student, deen e weesentlechen Deel vu senger Schoulzäit an engem Land - an deem hei Fall der Belsch - gemaach huet, awer an engem anere Land - an dem hei Fall Lëtzebuerg - wunnt, net wéi en "non-résident" behandelt ginn.

De Fait, datt eng konkret Verbindung vum Student zu der Belsch bestoung, hätt missen a Betruecht gezu ginn.

Verdeedegung géint en Unisproff

Nom Urteel war den Axel Dris, esou den Numm vum jonke Mann, zefridden an erliichtert.

“Après toutes ces années, on a gain de cause.”

 De Student, dee grad e Master am Droit op der Uni Lëtzebuerg mécht, hat sech selwer virum Europäesche Geriichtshaff verdeedegt.

“C’est clair que toutes ces années m’ont aidé.”

E bëssen houfreg ass den Axel Dris och dorop, datt hie mat dësem Fall en eegenen Unisproff geklappt huet.

“C’était mon prof de droit administratif dans ma dernière année de bachelor et je l’avais vu en janvier quand il a plaidé contre moi. Et là, je l’ai battu, donc je suis content.”

Nächst Etapp: D'Verfassungsgeriicht

Dem jonke Mann seng Mamm sot nom Urteelssproch de Moien, datt d’Affär juristesch nach net ganz ausgestane wier, well elo géif een nach op dat belscht Verfassungsgeriicht goen a virun de belsche Conseil d’État. Dat mam Zil, fir definitiv Recht ze kréien.

Lauschterenplay_arrow