Büşra Kayıkçı an de Rotondes

“Et ass magesch esou vill Leit weltwäit ze erreechen”

D’Büşra Kayıkçı, Pianistin a Komponistin vun Istanbul, kënnt de 17. August fir déi alleréischte Kéier op Lëtzebuerg fir ee ganz meditative Concert an de Rotonden.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

Büşra Kayıkçı | © Şeyma Tuna play_arrow
Büşra Kayıkçı (Foto: Şeyma Tuna)

Kuzguncuk ass ee ganz historesche Quartier op der asiatescher Säit vun Istanbul. Do hat d’Pianistin a Komponistin Büşra Kayıkçı laang hire Studio mat hirem Piano an hiren Opnamgeräter. Si kënnt vun Istanbul an huet och do studéiert. Net nëmme klassesch Musek, mee och Innenarchitektur. Fir si beaflosst dat eent dat anert. Mat hiren eenzegaartegen a ganz intimen Improvisatiouns-Concerte begeeschtert si Leit ronderëm d’ganz Welt. De 17. August spillt si hiren alleréischte Concert hei am Land an de Rotondes.

Wéi si Innenarchitektur an hir Musek verbënnt, an ob si deemnächst en neien Album erausbréngt, ënner anerem dat verréit déi 34-Joer jonk Pianistin am Gespréich mam Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow