EU-ENERGIEPOLITIK

Erneierbar Energien: Lëtzebuerg an zwee aner EU-Länner wëlle kloer EU-Ziler

D’EU brauch ambitiéis Ziler fir erneierbar Energie fir 2040, fuerdere Spuenien, Portugal a Lëtzebuerg an engem Bréif un d’EU-Kommissioun. Déi ass am gaangen, aktuell Energiegesetzer de Klimaziler bis 2040 unzepassen. Do kéint d’Atomenergie opgewäert ginn.

auto_stories

2 min

Informellt Treffe vun den EU-Energieminister zu Dublin an Irland | © European Union
Informellt Treffe vun den EU-Energieminister zu Dublin an Irland (Foto: European Union)

Lëtzebuerg setzt sech zesumme mat Portugal a Spuenien dofir an, déi erneierbar Energie an der EU méi séier virunzebréngen.

An engem Bréif un déi Europäesch Kommissioun, deen eis virläit, froen déi dräi Länner “kloer”, “ambitiéis” a “realistesch” Ziler fir 2040.

D’Kommissioun wëllt Enn Oktober Ännerunge proposéieren, mam But, aktuell europäesch Energiegesetzer un d’EU-Klimaziler bis 2040 unzepassen.

Erneierbar Energien als Auswee aus der Energie-Kris

Ofhängeg vu fossillen Energien ze si géing esouwuel d’Ekonomie, wéi och d’Bierger:innen an eng vulnerabel Positioun bréngen, esou déi dräi Länner mam Verweis op d’Situatioun an der Strooss vun Hormus.

D'Industrie bräicht méi niddereg Energiepräisser fir kompetitiv ze sinn, an dat kéint duerch méi ee groussen Undeel vun erneierbarer Energie erreecht ginn.

D’Kommissioun misst där wichteger strategesch Roll vun den Erneierbaren Rechnung droen. Dowéinst misst elo bei Asaz vun der erneierbarer Energie eng Schëpp bäigeluecht ginn.

Pro-Atom-Allianz wëllt explizit EU-Ziler fir erneierbar Energien ofschafen

Aner EU-Länner gesinn dat anescht: Enn Juni hate sech 15 Länner, déi Member vun der “Allianz fir d’Atomenergie” sinn, an engem Schreiwes géint een explizit Zil fir erneierbar Energië bis 2040 ausgeschwat.

Si hu par contre dofir plädéiert, d’EU sollt an hirer Energiepolitik eng Approche huelen, déi “technologesch neutral” ass. D’Zil fir erneierbar Energië sollt dowéinst duerch een Zil fir “propper Energien” ersat ginn. Dozou zielt fir d'Allianz Atomenergie. 

EU-Kommissiounscheffin: Propper, abordabel - an technologie-neutral

Fir méi onofhängeg ze gi misst Europa “elektrifizéiert” ginn, hat d’Kommissiounspresidentin Mëtt September an hirer Ried zur Lag vun der Unioun festgehalen.

D’EU misst hir Efforten, fir propper, lokal an abordabel Energien ze produzéieren, bis 2040 verduebelen, esou d’Ursula von der Leyen: “Sief dat duerch erneierbar an Atomenergie, Biomethan oder anerer neutral Technologie”.  

Ob d’Kommissioun also un engem extraen Zil fir erneierbar Energie festhale wëllt oder net huet d’CDU-Politikerin opgelooss.