1. "Tortoise: For Mango and Teal"
D'Catherine Kontz huet eng nei Kompositioun geschriwwe fir den Internationale Klarinetteconcours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival den 11. Abrëll 2025. Am Fokus vum Wierk stinn der Komponistin hier zwou Schildkröten: Mango an Teal. Déi zwou wunne bei der Lëtzebuerger Komponistin doheem, hunn dräi Joer, an hu verschidde Charakteren déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert.
2. Dorothea Tatalidis: op Tournée mam European Union Youth Orchestra
Déi jonk griichesch-lëtzebuergesch Trompettistin gouf beim European Union Youth Orchestra fir d’Saison 2025 ugeholl. Si huet Trompett am Stater Conservatoire geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hiren 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl.
3. Klassik Album vun der Woch: 100 % Element Waasser
En Album mat meditativer Pianosmusek déi och vill vum Waasser inspiréiert ass? Dat ass de neien Album vum jonken tierkesche Pianist Emre Yavuz. Hien huet ënnert anerem beim weltberüümte Pianist Fazıl Say geléiert. Op sengem neien Album léisst hien eis andauchen an immens berouegend a verféierend Musek vum Maurice Ravel. D'Marie Trussart gëtt eis e méi déiwen Abléck an dësen Album.