Jonk Lëtzebuerger bei internationale Concoursen
D’Maria Miteva ass Enseignante fir Querflütt un der UGDA zu Lëtzebuerg. Si schéckt vill vun hire Schüler:innen op international Museksconcoursen. Viru Kuerzem huet hir Schülerin Candice den 2. Präis bei der “MOYSE Competition”, engem internationale Museksconcours zu Sofia a Bulgarie, gewonnen.
Am Gespréich mam Marie Schockmel vum opus 100,7 verréit d’Maria Miteva ënnert anerem, firwat et hir esou wichteg ass datt hir Schüler:inne bei internationale Concourse matmaachen an ob si selwer als Kand dat och gemaach huet. Zum Schluss vum Interview héiere mir dann och nach d’Andréck vum Candice vum Concours a Bulgarien, wéi dat fir hatt war an ob hatt an Zukunft och bei weidere Concourse matmaache wëll.
Glenn Gould: Seng legendär Goldberg-Variatiounen
De Glenn Gould, dee 1932 gebuer gouf, ass awer schonn 1982 an Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen. Duerch säin Enregistrement vun de “Goldberg-Variatiounen” gouf hien awer onstierflech. Dem Gould seng Plack huet sech an deene 70 Joer zu deem wuel bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäit entwéckelt. De Jean Claude Majerus erzielt eis méi, iwwer den éischte Klassikpopstar.
The Horn Concertos
Spéitstens zënter de Komponiste Schumann a Richard Strauss, hunn d'Kompositioune fir Cor esou richteg Zoch opgeholl. Ma och de Wolfgang Amadeus Mozart schenkt dem Cor mat senge Concertoen vill Opmierksamkeet. An genee ronderëm dës Wierker dréit sech de ganz neien Album vum Javier Bonet. De Museker mat spuenesche Wuerzelen, huet sech dobäi dofir entscheet um Album Naturcor ze spillen. De Javier Bonet huet aktiv Erfarung an och eng Spezialisatioun fir den Asaz vun historeschen Instrumenter an hirer Aufführungspraxis. Wichteg ass him bei dëser Produktioun, esou de Klang vum Mozart esou riwwer ze bréngen, wéi en och zu där Zäit geduecht war: mat historesch korrekten Instrumenter. Lauschtert an d'Gespréich mam Marie Trussart an de Lex Kauffmann, déi dës Produktioun méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn.